Den HAT-P-1b ass en Exoplanéit deen zum Duebelstäresystem ADS 16402 am Stärebild Lacerta gehéiert. En ass 450 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Den HAT-P-1b ass e Gasplanéit a gouf mat Hëllef vum HATnet entdeckt. D'Distanz tëscht dem Gasplanéit an dem Stär HAT-P-1, ass nëmme 5 % vun der Distanz tëscht Äerd a Sonn. Doduerch brauch den HAT-P-1b nëmme 4 ½ Dag fir ronderëm säi Stär ze dréinen.

HAT-P-1b (riets) am Verglach mam Planéit Jupiter

Dat Besonnescht un deem Exoplanéit ass nieft senger Gréisst, seng Dicht déi nëmmen ongeféier 25 % vun der Dicht vum Waasser huet. Seng Mass huet 53 % vun där vum Jupiter. Säin Duerchmiesser ass 1,36-mol méi grouss wéi dee vum Jupiter, dat si knapps 200.000 km.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: HAT-P-1 b – Biller, Videoen oder Audiodateien