D'Hélène Meer, gebuer als Hélène Marie Marguerite Meer de 4. Juli 1905 zu Déifferdeng, a gestuerwen de 25. Juli 1990 zu Arès a Frankräich, war eng lëtzebuergesch Molerin.[1][2]

Hélène Meer
Gebuertsnumm Hélène Marie Marguerite Meer
Gebuer 4. Juli 1905
Déifferdeng
Gestuerwen 23. Juli 1990
Arès
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

Liewen an Aarbecht änneren

D'Hélène Meer war d'Duechter vum Metzler Pierre Meer an der Clementine Adam.[3] Si huet hir Kandheet zu Esch-Uelzecht verbruecht. D'Prinzipie vum Zeechnen a Molen huet si beim Henri Rabinger a beim Josy Meyers geléiert.[4] Nom Zweete Weltkrich gouf si op der Académie royale des beaux-arts zu Bréissel, vum Léon Devos, a vun 1951 un op der Académie de la Grande Chaumière zu Paräis, vum Édouard Mac-Avoy ausgebilt.[5] Si huet de Komponist Lucien Ludwig (1899-1981) bestuet, dee Generalinspekter vun de Versécherungsgesellschafte Le Foyer a La Prévoyance war.[6]

D'Hélène Meer huet ënner anerem Blummen, Nature-morten a Portraite gemoolt. Si war Member vum Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg (CAL) an huet vun 1937 bis 1970 op den alljärleche Salonen vum CAL ausgestallt. Si war an den 1960er Jore Member vum Verwaltungsrot vum CAL [1]. Si huet zu Lëtzebuerg an am Ausland ausgestallt. Zu Lëtzebuerg hat si Eenzelausstellungen an der Galerie Wierschem (1941), an der Galerie Bradtké (1950-1951) an an der Galerie municipale d'art zu Esch (1961). 1966 huet si Lëtzebuerg um Salon européen des femmes-peintres zu Nanzeg vertrueden, zesumme mat der Triny Beckius, Georgette Beljon, Monique Brackel, Solange Frégnac, Thérèse Frégnac, Josée Gloden, Nina Grach-Jascinsky, Marie-Ange Heiden, Christiane Heinen, Huguette Heldenstein, Erny Heuertz, Loulou Heuertz, Valérie Kuborn, Ger Maas, Marie-Jeanne Molitor, Irène Nadler, Vanna Solofrizzo, Germaine Spiesse a Lily Unden.[7]

D'Hélène Meer ass kuerz no hirem 85. Gebuertsdag gestuerwen.

Auszeechnungen änneren

  • 1955 Grand prix international de la peinture, Deauville
  • 1955 Goldmedail vun der Stad Paräis

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. "Hélène Meer-Ludwig", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
  3. Gebuertsschäin, n° 229, 1905.
  4. "Aus dem Minett", Luxemburger Wort, 20. November 1961.
  5. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 217.
  6. Ursula Anders-Malvetti, Alain Nitschké, Caroline Reuter an Damien Sagrillo (2016) "LUDWIG, Lucien", am Luxemburger Musiklexikon. Komponisten und Interpreten, Band 1: 1815‒1950. Weikersheim: Margraf Publishers, S. 708-710.
  7. "Salon européen des femmes-peintres", Luxemburger Wort, 25. Mäerz 1966.