Guy W. Stoos

lëtzebuergesche Graphiker, Karikaturist a Politiker

De Guy W. Stoos (de W. ass fir William), gebuer den 8. Februar 1950 zu Ettelbréck a gestuerwen an der Nuecht op den 12. Januar 2022[1], war e lëtzebuergesche Graphiker, Karikaturist a Politiker.

Guy W. Stoos
Gebuer 8. Februar 1950
Ettelbréck
Gestuerwen 12. Januar 2022
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Karikaturist

Politesch huet hie sech bei déi Lénk engagéiert, fir déi e vun 2003 bis 2006 als Conseiller am Stater Gemengerot souz. Hie war Matgrënner a Mataarbechter vum Neie Feierkrop an huet och reegelméisseg an anere Zäitschrëfte matgeschafft, dorënner d'woxx a goosch.lu.

Hien huet och Plakater an illustréiert Bicher entworf.

De Guy W. Stoos hat als Informatiker geschafft. Zanter dem 1. Mäerz 2007 war hie pensionéiert.

Amateur-Zeechentrickfilmer änneren

  • Et mon oil (1974)
  • Earthday (1973)

Publikatiounen änneren

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. "De Guy Stoos ass am Alter vun 71 Joer gestuerwen." rtl.lu, 12.01.2022