Guy Linster

lëtzebuergesche Pedagog a Politiker

De Guy Linster , gebuer den 8. November 1933 zu Lëtzebuerg a gestuerwen de 25. Dezember 2021[1], war e lëtzebuergeschen LSAP-Politiker a Lycéesprofesser. Hie war den Zwillingsbrudder vum Roger Linster.

Guy Linster
Gebuer 8. November 1933
Gestuerwen 25. Dezember 2021
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Staatssekretär, Lycéesprofesser
Partei LSAP, Är Equipe
Famill
Geschwëster Roger Linster

De Guy Linster huet Sproochen a Philosophie zu Paräis op der Sorbonne studéiert a war bis 1974 Professer am Jongelycée um Lampertsbierg.

1974 gouf hie Staatssekretär fir Erzéiung an der Regierung Thorn-Vouel-Berg[2] (bis 1979).

Duerno war e 5 Joer laang Professer um ISERP. Vun 1984 un huet hien an der Staatsverwaltung geschafft, noeneen am Ëmwelt-, am Erzéiungs-, Landesplanungs- a Kommunikatiounsministère, wou e Premier conseiller, resp. Administrateur général war.

Hie war ë. a. Member vum Verwaltungsrot vum Radio 100,7 a vun der Fondation Bassin minier a President vum Nationale Kulturfong a vun der Initiativ Freed um Liesen.

Vun 1970 bis 2011 war hie, mat Ausnam vun de Joren 1974 - 1981, Conseiller am Gemengerot vun der Gemeng Koplescht a vun 2005 bis 2011 do Buergermeeschter.

Hien war zanter dem 1. Mäerz 2010 Member vum Conseil national du livre[3] a gouf am Januar 2011 deem säi President.[4]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. "Doud vum Guy Linster." 100komma7.lu, 25. Dez 2021.
  2. Arrêté grand-ducal du 29 octobre 1974 approuvant la délégation de compétence accordée à Monsieur Guy Linster, Secrétaire d'Etat au Ministère de l'Education Nationale. am Memorial A N°74 vun 1974
  3. Arrêté grand-ducal du 18 février 2010 portant renouvellement du mandat des membres du Conseil national du Livre, publizéiert am Mémorial B Nr 23 vum 12. Mäerz 2010, S. 362
  4. Arrêté grand-ducal du 29 janvier 2011 portant nomination de Monsieur Guy Linster comme président du Conseil national du Livre et de Monsieur Laurent Fels comme membre du Conseil national du Livre., publizéiert am Mémorial B Nr 11 vum 3. Februar 2011. S. 104