Guy Lapébie

franséische Vëlossportler

De Guy Lapébie gebuer de 16. Dezember 1916 zu Saint-Geours-de-Maremme, a gestuerwen den 8. Mäerz 2010 zu Luchon, war e franséische professionelle Vëlossportler, a Goldmedailegewënner op den olympesche Summerspiller 1936.

Hie war Profi vun 1937 bis 1952 an 1936 op den Olympesche Spiller zu Berlin hat hien zwou Goldmedailen op der Pist an der Ekipp, an der Poursuite, an an der Course en ligne gewonnen. Op der Strooss hat hien d'Sëlwermedail hanner dem Robert Charpentier krut.

1935 hat hien de Grousse Fënnefnatiounepräis fir Amateure gewonnen, an hie konnt op der Pist e puer Victoiren an d'Täsch stiechen, wéi zu Paräis 1948 an 1949, an zu Saint-Étienne 1950.

Hie war Drëtten am Tour de France 1948, hanner dem Gino Bartali a Briek Schotte.

1948 war hien den Zweeten am Generalklassement vum Tour de Luxembourg hanner dem Jean Goldschmidt.

Hie war de Brudder vum Tour de France Gewënner Roger Lapébie, an de Papp vun Coureur Serge Lapébie.

Um Spaweck änneren