Gusty Laurent

lëtzebuergesche Sportler an Olympionik

De Grégoire "Gusty" Laurent, gebuer de 4. Mäerz 1906 zu Le Sablon bei Metz a Frankräich a gestuerwen den 22. Mäerz 1985 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.[1]

Gusty Laurent
Gebuer 4. Mäerz 1906
Gestuerwen 22. Mäerz 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Boxer

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis vertrueden.[2]

Kuerz no senger Gebuert si seng Elteren, déi Lëtzebuerger waren erëm op Lëtzebuerg komm.

1920 gouf hie Landesmeeschter am Boxe bei de Scouten, an der Finall géint de spéidere Minister Robert Schaffner.

1922 krut hie seng Boxer-Lizenz a gouf am Mäerz 1923 Landesmeeschter am Fiedergewiicht, an 9 Méint méi spéit, Meeschter am Liichtgewiicht.

No senger Olympiaparticipatioun war hie vun 1925 bis 1931 Profiboxer zu Paräis am Central, wou hien 30 Kämpf gemaach huet.

1932 huet hien eng Trainerlizenz zu Joinville gemaach a koum dat selwecht Joer als Trainer a säi Veräin de Boxing Club Lëtzebuerg zeréck. Duerno war hien och Verbandstrainer a Boxmanager an huet zu den Erfolleger vu ville bekannte lëtzebuergesche Boxer bäigedroen, wéi Roger Behm, Franz Ehringer, Léon Roller, Butz Reiff, Ray Philipp souwéi dem Däitsche Werner Wiegand.

Kuckt och änneren


Referenzen änneren

  1. De Gusty Laurent op der Websäit vu sports-reference.com
  2. De Gusty Laurent op der Websäit vun der 'AssociationLuxembourgeoise des Olympiens'