Gusty Kemp

lëtzebuergesche Foussballspiller


De Gusty (Gustave) Kemp, gebuer de 24. Februar 1917 zu Déifferdeng, a gestuerwen de 14. Abrëll 1948 zu Hayange bei engem Autosaccident, war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Gusty Kemp
Gebuer 24. Februar 1917
Déifferdeng
Gestuerwen 13. Abrëll 1948
Hayange
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/Ekipp FC Metz,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Tëscht dem 26. Abrëll 1936 an dem 27. Mee 1945 huet hien 21-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 15 Goler geschoss.[2]

Hien huet a senger Karriär beim FC Metz gespillt a gëllt als éischte Lëtzebuerger Foussballprofi.

Hie war 1936 als Spiller vun der lëtzebuergescher Foussballsekipp bei den Olympesche Spiller zu Berlin dobäi.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. De Gusty Kemp op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Gusty Kemp op der Websäit vun European Football