De Gustave Doré, gebuer zu Stroossbuerg de 6. Januar 1832, op N° 5 (haut 16), Rue de la Nuée-Bleue, a gestuerwen den 23. Januar 1883 zu Paräis a senger Wunneng an der Rue Saint-Dominique, war e franséischen Zeechner, Graveur, Sculpteur a Moler.

Gustave Doré
Gebuertsnumm Paul Gustave Louis Christophe Doré
Gebuer 6. Januar 1832
Stroossbuerg
Gestuerwen 23. Januar 1883
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Moler, Illustrateur, Karikaturist, Comicauteur, Graphiker, Graveur, Sculpteur
Famill
Liewenspartner(in) Alice Ozy
De Gustave Doré, Foto vum Nadar, 1867.
Den Tuerm vu Babel - Bibelillustratioun vum Doré, déi de Salvador Dalí staark beaflosst huet

Hien huet als jonke Mënsch bei satireschen a kriteschen Zeitunge matgeschafft. E gouf awer haaptsächlech bekannt duerch d'Illustratioun vu Wierker wéi de Pantagruel vum Rabelais, d'Bibel[1] an der Iwwersetzung vum Bourassé a Janvier, och nach Bible de Tours genannt, d'Contes drolatiques vum Balzac an d'Fables de la Fontaine.

Seng Imaginatioun a Fantasie hunn aus him een exceptionellen Zeechner a Moler gemaach.

Um Spaweck änneren

Commons: Gustave Doré – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 75 Originalillustratiounen zum neien Testament vum Gustave Doré waren zesumme mat Wierker vum Gottfried Engelmann, Marc Chagall a Salvador Dalí am Kader vun der Konschtausstellung bible art ze gesinn. Dës Expo war vum 1. September bis de 4. November 2001 an der Besichergalerie vum Pompelspäicherwierk Veianen bei Biwels ausgestallt an war vum Veräin D'Frënn vum Ourdall zesumme mat der SEO am Kader vum kulturelle Programm ISLEKer art organiséiert ginn. D'Ausstellung hat iwwer 7000 Visiteuren.