Guntzviller ass eng franséisch Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

Guntzviller
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Sarrebourg-Château-Salins
Kanton Phalsbourg
Postcode 57405
Gemengecode 57280
Koordinaten 48° 42’ 35’’ N
      07° 09’ 43’’ O
Fläch  539 ha
Bevëlkerung  340 (2008[1])

Geographie änneren

D'Uertschaft läit op enger Héicht vun 234 - 415 Meter.

Um Territoire vun der Gemeng gëtt et dräi natierlech an e kënschtleche Waasserlaf.

Déi natierlech sinn: D'Zorn mat hirem Niewefloss, dem Ruisseau de Heyerst, an eng kleng Baach mat dem Code-Sandre A3400790.

De kënschtleche Waasserlaf ass de Marne-Rhäin Kanal, vun deem e puer honnert Meter um Territoire vun der Gemeng sinn, éier en duerch en 2,3 Kilometer laangen Tunnel a Richtung Schëffslift vun Arzviller féiert.

Geschichtleches änneren

D'Uertschaft gëtt 699 fir d'éischt als Villa Gundvino ernimmt. Si gouf am Drëssegjärege Krich komplett zerstéiert a gehéiert zanter 1661 zu Frankräich. Bis zum Enn vum Éischte Weltkrich war de franséischen offiziellen Numm Guntzwiller.

Beschreiwung vum Wopen am Originaltext:

Coupé d'or au lion d'azur, armé, lampassé et couronné d'or issant de la partition, et parti d'azur et d'argent.

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Guntzviller – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Websäit vun der Gemeng