Guillaume Geefs

belsche Sculpteur a Politiker

De Guillaume Geefs, gebuer den 10. September 1805 zu Borgerhout, a gestuerwen den 19. Januar 1883 zu Schaerbeek, war e belsche Sculpteur a Politiker.

Guillaume Geefs
Gebuer 10. September 1805
Gestuerwen 19. Januar 1883
Schaerbeek
Nationalitéit Belsch
Educatioun Royal Academy of Fine Arts
Aktivitéit Sculpteur, Politiker
Member vun Académie des beaux-arts
Famill
Geschwëster Theodore Geefs

Hie gouf haaptsächlech bekannt wéinst de Monumenter déi e sculptéiert huet a Portraite vu Staatsmänner a soss national bekannte Leit. Hien huet och mythlogesch Theeme verschafft.

De Guillaume Geefs war den eelste vu sechs Bridder aus der Sculpteursfamill Geefs, vun deenen de Joseph Geefs an de Jean Geefs déi bekanntst sinn.

Hien huet e Studium op der Konschtakademie vun Antwerpen gemaach, wou hie beim Jan Frans van Geel an deem sengem Jong dem Jan Lodewijk van Geel geléiert huet. Duerno goung hien op Paräis op d'École des beaux-arts fir eng Léier beim Jean-Etienne Ramey ze maachen.

No enger Rees an Italien, am Joer 1829, koum hien zeréck op Antwerpen, wou hien ugefaangen huet Schoul op der Konschtakademie ze halen. 1836 huet hie sech mat der Isabelle Marie Françoise Corr bestuet.

Zu Schaarbeek war hie Buergermeeschter vun 1852 bis 1860, an e war vun 1853 bis 1856 am Provënzialrot. En huet zu Schaarbeek an der Rue des Palais N° 22-24 gewunnt.

1844 gouf hie Chevalier vun der Légion d'honneur genannt, an 1841 gouf en Officier an duerno 1859 Commandeur vum Ordre de Léopold.

Fir un hien z'erënnere gouf zu Schaarbeek eng Strooss no him benannt, d'Rue Geefs.[1]

Wierker änneren

 
Marmerstau Le génie du mal
an der Kathedral Saint-Paul vu Léck.

Referenzen änneren

  1. 50° 51’ 27’’ N 04° 22’ 29’’ O

Um Spaweck änneren

Commons: Guillaume Geefs – Biller, Videoen oder Audiodateien