Guangzhou

Land Volleksrepublik China
Status: Bezierkfräi Stad
Provënz: Guangdong
Koordinaten: 22°26'N; 112°57' O
Fläch: 7.434,4 km²
Awunner: 9.100.000 (2005)
Héicht: 5 m

Guǎngzhōu (chin. 广州/廣州, fréier och Kanton, kantonesesch: Guong2zeo1) ass eng Stad am Süde vun der Volleksrepublik China.

A China gëtt d'Stadt och 穗 Suì oder 羊城 yángchéng (Stad vun de Geessen) genannt. D'Symbol vun der Stad ass nämlech eng Statu mat 5 Geessen.

Geographie änneren

Si ass d'Haaptstad vun der Provënz Guǎngdōng a läit um Pärel-Floss, net wäit vun Hongkong ewech, an ass vun do liicht mam Zuch z'erreechen.

Bevëlkerung änneren

Guangzhou huet zirka 9,1 Mio Awunner (Stand 1. Januar 2005).

 
Dongfenglu

Ekonomie änneren

Guangzhou ass eng bedeitend Industrie- an Handelsplaz.

D'Noperschaft vun Hongkong hat - wéi iwwerall am Pärelflossdelta - e gënschtegen Afloss op d'wirtschaftlech Entwécklung an deem Raum. Zu Guangzhou ass zweemol am Joer eng gutt besichten international Foire (déi gréisst a China). Dat erkläert och, firwat déi Stad puer aussergewéinlech luxuriéis Hotellen huet. Et ass geplangt, an de nächste Joren zu Guangzhou den héchsten Televisiounstuerm vun der Welt ze bauen.

 
E Luxushotel zu Guangzhou
 
Beim Brietspill an engem Park zu Guangzhou

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Guangzhou – Biller, Videoen oder Audiodateien