De Groupe Animateur ass eng A.s.b.l., déi am Beräich vun der Animatioun vu Kanner a Jugendlecher aktiv ass. De Veräin organiséiert an de Schoulvakanzen Campen a Colonien a bitt och verschidde Weekender iwwer d'Joer verdeelt un. Donieft organiséiert d'Asbl och verschidde Formatiounswochen a -weekender fir de Brevet vum Animateur de loisirs ze kréien. All dës Aktivitéite ginn an enker Zesummenaarbecht mam Service national de la jeunesse (SNJ) organiséiert.

De Logo vum Groupe Animateur

Grënnung a Geschicht änneren

De Groupe Animateur gouf 1982 vu verschiddenen Animateuren, déi beim SNJ geschafft hunn, gegrënnt.[1] Zanterhier funktionéiert de Groupe Animateur als A.s.b.l. déi un d'Lëtzebuerger Jugendherbergszentral (CAJL - Centrale des auberges de jeunesse luxembourgeoises) affiliéiert ass. Sou ass de Sëtz vun der Associatioun och dee vun der CAJL.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial Nr. 223: 10682 aus dem Joer 1983.