De Grote Reber, gebuer den 22. Dezember 1911, zu Wheaton bei Chicago am Illinois, USA, a gestuerwen den 20. Dezember 2002 an Tasmanien, Australien, war en US-amerikaneschen Astronom. Hie gehéiert zu de Pionéier vun der Radioastronomie an huet déi éischt Himmelsduerchmusterung am Radiofrequenzberäich duerchgefouert.

Grote Reber
Gebuer 22. Dezember 1911
Gestuerwen 20. Dezember 2002
Nationalitéit USA, Australien
Educatioun Illinois Institute of Technology
Aktivitéit Physiker, Astronom, Ingenieur
Member vun American Astronomical Society

De Reber huet am Joer 1933 an der Noriichtentechnik am Armour Institute of Technology (spéider Illinois Institute of Technology) graduéiert.

Vun 1933 bis 1947 huet hien a verschiddene Radiosfabrécken zu Chicago geschafft. Vun 1933 un beschäftegt hie sech mat Aarbechte vum Astronom Karl Jansky iwwer Teleskopen, déi héichfrequent Stralung detektéieren a beschléisst op deem Gebitt ze schaffen. Hien ass bei d'Bell Labs gaangen, wou de Jansky wärend der grousser Depressioun (amerikanesch Wirtschaftskris) beschäftegt war. Bis 1937 huet de Reber och nach un engem eegene Radioteleskop zu Wheaton bei Chicago gebaut.

Mat deem Teleskop duerchmustert hien de visuellen Himmel bei verschiddene Frequenzen am Radioberäich. Bis 1941 geléngt him déi vollstänneg Duerchmusterung a mat e puer Verbesserunge publizéiert hien 1943 seng Daten.

Bis an d'1950er Jore gouf den Héichenergieberäich ëmmer nach als Schwaarzkierperstralung gerechent, obschonn dem Reber seng Daten eppes anescht uweisen. Op Grond vum Reber senge Publikatiounen an den 1950er Joren expandéiert d'Gebitt vun der Radioastronomie an déi theoreetesch Modeller goufe weiderentwéckelt. Déi meescht Erkenntnesser vun der moderner Astronomie a Stralungs-Astrophysik wieren ouni dem Reber seng Initiativ net denkbar.

Éierungen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Grote Reber – Biller, Videoen oder Audiodateien