Grondreiematt

Mattmotiv am Schachspill

D'Grondreiematt ass eng taktesch Wendung am Schachspill. Eng Damm oder en Tuerm dréngt op déi géigneresch Grondrei (1. respektiv 8. Rei) an a setzt de rochéierte Kinnek, deen hanner engem Wall vu Baueren ageklemmt ass, matt. Et schwätzt een och vun enger Grondreieschwächt vum Géigner.

Beispill änneren

Nodeems déi wäiss Damm fir d'éischt de schwaarze Kinnek duerch e Schachgebot ofgedrängt huet, dréngt Wäiss op déi 8. Rei an a setzt de Kinnek do matt.

abcdefgh
88
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Wäiss um Zuch gewënnt.
abcdefgh
88
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Stellung no 3. Tf1xf8#.


1. Df3-f7+ Kg8-h8
2. Df7-f8+ Te8xf8
3. Tf1xf8#

Géigemoossnamen änneren

Fir eng eege Grondreieschwächt ze behiewen huet de Verdeedeger follgend Mëttelen zur Wiel:

  • Hie kann e Bauer virun dem rochéierte Kinnek no vir zéien an op dës Weis e Loftlach schafen. Wann am Beispill uewe Schwaarz um Zuch wier, kéint en h7-h6 spillen, soudatt de schwaarze Kinnek no h7 auswäiche kann.
  • Hie kann d'Grondrei iwwerdecken. Nees am Beispill uewe kéint Schwaarz, wann en um Zuch wier, seng Damm no b8 zéien an d'Grondlinn géint den Abroch op f8 verdeedegen.

Den Nodeel vun deenen zwou Methoden ass, datt se passiv Verdeedegungsmoossname sinn an Zäit kaschten, déi de Géigner dacks fir Aktiounen op anere Plazen notze kann. Dohier ass dacks e Géigenugrëff d'Method vun der Wiel. Am Beispill uewen kéint Schwaarz, wier en um Zuch:

  • säi Bauer op b1 no vir zéien an zu enger Damm ëmwandelen. Déi nei Damm schaaft en entscheedend materiellt Iwwergewiicht a fesselt den Tuerm op f1, soudatt en net méi mattsetze kann.
  • d'Damm op c5 spillen a Schach ginn. Schwaarz gewënnt domat een Zuch Zäit an iwwerdeckt gläichzäiteg d'Abrochsfeld f8. Hie kann elo mat der Géigeniwwerstellung Te8-f8 den Oftausch vun enger vun deenen zwou Ugrëffsfiguren erzwéngen.

Am Beispill uewe sinn dës Méiglechkeeten offensichtlech. A konkreeten, komplizéierte Spillsituatioune si se dacks méi schwéier z'entdecken. Wichteg fir de verdeedegende Spiller a sou Stellungen ass, datt en all dës Ressourcen erkennt a sech d'Zäit hëlt, hir Vir- an Nodeeler géinteneen ofzeweien.

Partiebeispiller änneren

En anschaulecht Beispill fir d'Ausnotze vun der Grondreieschwächt fënnt sech an der (fiktiver) Partie Adams - Torre, New Orleans 1920, an där déi wäiss Damm e puermol ouni Schachgebot als Affer ugebuede gëtt.

Kuckt och änneren