D'Grofschaft Veianen ass zanter dem Enn vum 11. Joerhonnert beluecht an ass 1417 duerch Bestietnes un d'Haus Nassau gaangen. Hire Sëtz war d'Buerg Veianen.

Wope vum Grof vu Veianen (ëm 1490)
D'Veianer Buerg

Geschicht änneren

1090 goung eng éischt Kéier vun engem Comes de Vianne rieds, dee Bertolf housch, vun deem de Jules Vannerus unhëlt, datt en aus der Famill vun de Grofe vun Hamm an der Äifel an de Vogte vu Prüm hierkënnt, déi hirersäits vun de Grofe vum Bidgau hierkéimen.[1] Dem Jean Bertholet no kommen d'Grofe vu Veianen vum Gerhard vu Sponheim hier, deem säi Jong Friedrich I. vu Veianen warscheinlech dem Bertolf säin Eedem war.[2] Den Detlev Schwennicke hält de Gerhard vu Sponheim selwer fir dem Bertolf vu Veianen säin Eedem an ee gewësse Gerhard II. fir deem säi Jong a Papp vum Friedrich I.[3]

Et gëtt haut éischter ugeholl, datt d'Verbindung mat Sponheim eréischt méi spéit beim Bestietnes vun enger Duechter vum Grof Gerhard I. vu Veianen an engem Jong vum Meginhard vu Sponheim zustane koum.[4],[5],[6]

Tëscht 1124 an 1152 war de Friedrich I. Grof vu Veianen a Vogt vu Prüm. Säi Jong Friedrich II. huet sech mam Elisabeth, enger Duechter vum Grof Heinrich I. vu Salm, wouduerch de Friedrich och Grof vu Salm an den Ardenne gouf. Kuerz duerno huet sech eng eege Branche vun der Famill, déi vu Salm-Veianen, forméiert. Mam Heinrich I. huet d'Famill vu Veianen hiren Héichpunkt erreecht. Mat sengem Bestietnes mam Marguerite vu Courtenay konnt den Heinrich eng Zäitchen d'Markgrofschaft Namouer iwwerhuelen. 1264 gouf d'Grofschaft Veianen e Lehen vun de Grofe vu Lëtzebuerg. De Gottfried I. vu Veianen war als Vasall vum Herzog vu Brabant bei der Schluecht vu Worringen mat dobäi.

Mam Heinrich II. ass 1337 déi eeler Famill vu Veianen, ouni männlechen Ierwen, ausgestuerwen. Dem Heinrich seng Duechter Maria, déi Ierwin war, huet sech mam Simon III. vu Sponheim-Kreuznach bestuet gehat, soudatt 1346 d'Grofschaft Veianen bis 1417 un d'Grofe vu Sponheim koum.

Nom Doud vum Elisabeth, der leschter Gräfin vu Sponheim, huet den Engelbert I. vun Nassau-Dillenburg d'Grofschaft Veianen iwwerholl.

Wopen änneren

Grofe vu Veianen änneren

Haus Veianen änneren

  • Gerhard (ëm 1100)
    • Gerhard I. vu Klierf (1129-1156)
    • Friedrich I. (gen. 1124–1150)
      • Siegfried I. (gen. 1154–1163)
      • Friedrich II. (gen. 1163–1184) ∞ Elisabeth vu Salm
        • Friedrich III. (gen. 1187–1217) ∞ Mechthild vun Neuerburg
          • Heinrich I. (gen. 1214–1252), Nokommen kuckt ënnen
          • Siegfried II. (gen. 1215–1242)
          • Friedrich I. Herr vune Neuerburg ∞ Cäcilie vu Kobern
            • Friedrich II. Herr vun Neuerburg ∞ Irmgard von Esch
              • Friedrich III. Herr vun Neuerburg
              • Robin Här vu Kobern ∞ Elisabeth vun Eppstein
              • Dietrich Här vu Brandenburg
          • Gerhard Här von Hamm ∞ Ida vu Buerschent
          • Mathilde ∞ 1) mam Grof Lothar I. vun Hochstaden, 2) mam Grof Heinrich vun Duras a Looze
      • Hermann
      • Wilhelm I. Grof vun Niedersalm
    • Gerhard Abt vu Prüm a Stavelot-Malmedy
    • Adelheid vu Veianen

Grofe vu Veianen

Haus Sponheim änneren

Haus Nassau änneren

Literatur änneren

  • John Zimmer: Die Burgen des Luxemburger Landes. Band I, Luxemburg 1996.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Jules Vannérus: Les anciens dynastes d'Esch-sur-la-Sûre. Luxemburg 1905, S. 82.
  2. Jean Bertholet: Histoire ecclésiastique du duché de Luxembourg et comté de Chiny. Luxemburg 1743, 3. Band, S. 334. De Jules Vannérus war och der Meenung, datt de Friedrich I. en Eedem vum Bertolf war, konnt awer deem seng Famill net identifizéieren (cf. Jules Vannérus: Les comtes de Vianden. Luxemburg 1905, S. 8).
  3. Detlev Schwennicke: Europäische Stammtafeln. J.A. Stargardt Verlag, Marburg 1980, S. 7-35; ID: I13147 - N.N von Vianden op worldconnect.rootsweb.ancestry.com)
  4. Walther Möller: Stammtafeln Westdeutscher Adels-Geschlechter im Mittelalter. Darmstadt 1933, Band II S. 163.
  5. Dominique du Fays: La Maison de Vianden. Des origines à 1337. Mémoire pour l'obtention de Licencié en Histoire 1986/1987 Université de Liège, S. 21.
  6. René Klein: Die Verwandtschaft der Grafen von Vianden mit den Grafen von Sponheim. Annuaire de l'Association Luxembourgeoise de Généalogie et d'Héraldique 1996, S. 215.