Griichesch Drachme

fréier Wärung vu Griicheland

D'Griichesch Drachme (GRD) war vun 1831 bis den 31. Dezember 2000 déi offiziell Wärung vu Griicheland. Si gouf den 1. Januar 2001 duerch den Euro ersat, nodeems Griicheland der Eurozon bäigetruede war.

1 Drachme war an 100 Lepta ënnerdeelt.

Geschicht änneren

D'Griichesch Drachme gouf 1831 als Wärung agefouert, an huet déi viregt Wärung, de Phönix ofgeléist.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR  = 340,750  GRD fixéiert.

Mënzen änneren

 

Billjeeën änneren

Nennwert Recto Verso Faarf Motiv
200 Drachmen (Serie 3)

(≈ 0,59 €)

 
 
orange-rosa Recto: Rigas Velestinlis (1757–1798), Revolutionär

Verso: geheim griichesch Schoul wärend der Osmanescher Besetzung

1.000 Drachmen (Serie 2)

(≈ 2,93 €)

 
 
gro-brong Recto: Apollon (Gott vun der griichescher a réimescher Mythologie)

Verso: En Diskuswerfer um Heratempel zu Olympia

5.000 Drachmen (Serie 3)

(≈ 14,67 €)

 
 
blo-gro-brong Recto: Theodoros Kolokotronis (1770–1843), Fräiheetskämpfer a Generalfeldmarschall bei der Griicheschen Revolutioun

Verso: Panorama vum Duerf Karitena

10.000 Drachmen (Serie 3)

(≈ 29,35 €)

 
 
mof Recto: Georgios Papanikolaou (1883–1962), Patholog

Verso: Bild vum Asklepios, griichesche Gott vun der Heilkunst

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Griichesch Drachme – Biller, Videoen oder Audiodateien