Green Bank-Observatoire

D'Green-Bank-Observatoire ass eng zum Deel staatlech gefërdert Fuerschungs- an Entwécklungsorganisatioun fir Radioastronomie mat Sëtz zu Green Bank am US-Bundesstaat West Virginia.

Green-Bank-Teleskop
Standplaz Green Bank, West Virginia, USA
Bedreiwer Green Bank Observatory
Standplaz vun der Ariichtung Green Bank Observatory
Art vu Fuerschung Radio-Astronomie
Fachgebidder Spektralberäich
A Betrib gesat 22. August 2000
Bauform Parabolesch Offsetantenn

mat dynamesch justéierbarer Uewerfläch

Duerchmiesser 100–110 m
Reflektorfläch ~ 7.854 m²
Homepage www.greenbankobersatory.org
Koordinaten 38° 25′ 59.26″ N, 79° 50′ 23.42″ W

D'Haaptinstrument vum Green-Bank-Observatoire ass d'Robert C. Byrd Green-Bank-Teleskop (GBT). Et ass mat 100 × 110 Meter Duerchmiesser dat gréisst voll beweeglecht Radioteleskop vun der Welt.

Mam Betribufank huet et no 29 Joer dat däitscht Radioteleskop Effelsberg vun der Spëtz aus der Rankinglëscht verdrängt. De GBT läit an der National Radio Quiet Zon, an där de Betrib vun de meeschte Quelle vu Radiowelle streng reglementéiert resp. ënnersot ass. Am Noberäich sinn nëmmen Dieselgefierer erlaabt, well déi keng Zündkerzen hunn a sou keng elektromagnéitesch Stéierunge verursaachen.

Den Observatoire gouf bis den 30. September 2016 vum National Radio Astronomy Observatory, mat Haaptsëtz zu Charlottesville, Virginia, bedriwwen. Zanter 1. Oktober 2016 ass de Green-Bank-Observatoire net méi en Deel vun NRAO, mä en eegestännegt Observatoire (Green Bank Observatory). D'Finanzéierung geschitt zwar nach zum gréissten Deel staatlech, awer elo och en Deel iwwer privat Projete. Dat gréisst privat Projet ass am Ament dat no Signale méiglecherweis existéierend technescher Zivilisatiounen am All sichende Project Breakthrough Listen. Zanter Januar 2016 ginn 20 Prozent vun der Observatiounszäit vum GBT fir Breakthrough Listen agesat.[1]

Am November 1961 war am Green-Bank-Observatoire déi éischt SETI-Konferenz vu Wëssenschaftler verschiddener Sparten.[2],[3] Do gouf iwwer méiglecht Liewen am All an d'Sich dono diskutéiert. E Resultat vun dësem Treffen ass déi sougenannt Drake-Equatioun.

300 foot Radio Telescope änneren

 
Dat 300 foot Radioteleskop, 1988
 
Nom Kollaps, 1988

An de Joren 1961 an 1962 gouf zu Green Bank en 300 Fouss (90 Meter) grousse Radioteleskop opgeriicht. Dee gouf am Ufank vun den 1970er Jore mat enger verbesserter Uewerfläch an engem ofgeschiermte Kontrollraum ageriicht. Wéinst d'Versoe vun engem konstruktiven Element war deen Teleskop 1988 zesummegebrach. Als Ersatz gouf den uewe genannte Robert C. Byrd Green-Bank-Teleskop opgeriicht.

Weider Radioteleskopen änneren

Nieft dem Green-Bank-Teleskop gëtt et um Terrain vum Observatoire nach en ettlech weider al Radioteleskopen, déi zum Deel nach fir wëssenschaftlech Projeten oder fir Ausbildungszwecker benotzt ginn. Ausserdeem gëtt et en neie Gäschtezentrum mat Ausstellungen zum Theema Radioastronomie an iwwer d'Geschicht vun der Standplaz Green Bank. Zum Observatoire gehéiert eng Fligerlandebunn.

  • 140-Foot-Teleskop
  • 20-Meter-Teleskop
  • 40-Foot-Teleskop
  • 45-Foot-Teleskop
  • Tatel-Teleskop (85 Foot)
  • Green Bank Interferometer, mat dräi 85-Fouss-Teleskopen, dorënner zwéi beweeglecher op Rieder.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Green Bank Telescope – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Green Bank Telescope Joins 'Breakthrough Listen' to Vastly Accelerate Search for Intelligent Life in the Universe, NRAO, 20. Juli 2015
  2. Sebastian von Hoerner: Sind wir allein? - SETI und das Leben im All. Beck, München 2003, ISBN 3-406-49431-5, S. 151–152
  3. Green Bank conference (1961) daviddarling.info (gekuckt de 24. Januar 2010)

7