Great Bernera, och Bernera, op Schottesch-Gälesch Bhearnaraigh ass eng Insel vun de Baussenzegen Hebriden (Outer Hebrides) vu Schottland.

Uertschaftsschëld op Great Bernera

Great Bernera ass duerch eng Spanbëtongsbréck no bei der Megalithe-Plaz Callanish VIII mat der Westküst vun der Insel Lewis verbonnen.

Déi gréisst Siidlung op der Insel ass Breaclete, op Schottesch-Gälesch Breacleit, wou e klenge Musée ass. Bekannt ass Great Bernera wéinst enger Eisenzäitsiidlung, déi 1992 entdeckt gouf a kuerz drop nees mat Sand zougedeckt gouf, datt se besser erhale bleift. En Nobau vun engem vun deenen Haiser ka besicht ginn.

Hautdesdaags liewen déi meescht Leit vum Fëschen a vum Fank vun Homarden.

D'Insel gehéiert dem Robin de la Lanne-Mirrlees.

D'Bréck fir op d'Insel Lewis

Great Bernera ass liicht ze verwiessele mat aneren Inselen:

Um Spaweck änneren

Commons: Great Bernera – Biller, Videoen oder Audiodateien