De Great Barrier Reef ass mat senger Fläch vun ongeféier 350.000 km² eent vun de gréisste Liewewiese vun der Welt a läit an Australien.

Korallekolonien um Flynn Reef.

1981 gouf e vun der UNESCO op d'Lëscht vun de Weltnaturierwe gesat.

Geographie änneren

De Riff erstreckt sech parallel zur Küst vu Queensland, ronn 2.400 km vun der Spëtz Cape York bis Gladstone. D'Breet variéiert tëscht 40 km bei Lizard Island bis zu 370 km bei Mackay.

Fauna a Flora änneren

De Great Barrier Reef besteet aus 2.900 verschiddene klenge Riffer, 71 Koralleninselen, 4.000 Weechdéieren, 1.500 Fësch- an 300 kaleidoskopesche Korallenaarten.

Tourismus änneren

Tëscht de Riffer an der Küst leien 900 Inselen, dovu sinn der allerdéngs just 20 touristesch beluecht. Déi mannst vun hinne si richteg Koralleninselen. Haaptsächlech ginn déi dräi schéinst Inselen, Lizard, Bedarra an Dunk Island vun den Touriste besicht. De Great Barrier Reef ass e Magnéit fir Dauchtouristen a Waassersportler.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Great Barrier Reef – Biller, Videoen oder Audiodateien