D'Grasschrëft, op Chineesesch 草書 cǎoshū an op Japanesch 草書 sōsho, ass eng vun de fënnef Haaptkategorie vun der chineesescher Kalligraphie. Den Numm kënnt vun der séierer Aart a Weis, an där se ausgefouert gëtt. Et gëtt ugeholl, datt d'Schnellschrëft vum Liu Desheng an der Han-Dynastie entwéckelt gouf a vun de béide Kalligraphiemeeschtere vun der Jin-Dynastie, dem Wang Xizhi an dem Wang Xianzhi, weider entwéckelt goufen.

Kalligraphie vum Sun Gouting, ëm 650

Et gëtt vill Ënnerkategorië vum „Gras-“ oder Kursivstil, wéi zum Beispill de „verréckte Kursivstil“, op Chineesesch 狂草 kuángcǎo. Déi gemeinsam Mierkmaler vun alle Kursivstiler sinn eng vereinfacht Struktur, aneneelafend Strécher, séier geschriwwen a fléissend Linnen. Fir Leit déi keng Gewunnecht domat hunn ass se schwéier ze liesen. Leit déi nëmmen d'Standartschrëft oder d'Drockschrëft kennen, hu Problemer fir se verstoen. Ënner de fënnef Stiler vun der chineesescher Kalligraphie kënnt d'Kursivschrëft der abstrakter Konscht am noosten.

Déi japanesch Silbeschrëft Hiragana ass vun den Zeechen a Grasschrëft-Form ofgeleet.

Um Spaweck änneren

Commons: Grasschrëft – Biller, Videoen oder Audiodateien