Festival luxembourgeois du Cyclisme Féminin Elsy Jacobs

(Virugeleet vu(n) Grand Prix Elsy-Jacobs)

De Festival luxembourgeois du Cyclisme Féminin Elsy Jacobs ass eng international Etappecourse fir Dammen zu Lëtzebuerg. Vun 2008 bis 2011 gouf si ënnert dem Nummm Grand Prix Elsy-Jacobs gefuer.

D'Course gouf ursprénglech vum SaF Zéisséng ënner dem Patronage vun der Gemeng Garnech an zu Éiere vun der Vëlossportlerin Elsy Jacobs (1933-1998) organiséiert. D'Elsy Jacobs war 1958 Weltmeeschterin an der Course en Ligne zu Reims ginn an hat dat selwecht Joer en neie Stonneweltrekord zu Mailand opgestallt.

De Grand Prix Elsy-Jacobs an de Grand Prix Nicolas-Frantz ginn zanter dem Joer 2012 vum Festival luxembourgeois du cyclisme féminin Elsy-Jacobs ersat deen als Etappecourse vun zwéin Deeg gefuer gëtt.

Podium vum Grand Prix Elsy-Jacobs 2008. V.l.n.r.: Marina Romoli, Italien (3. Plaz), Monia Baccaille, Italien (1. Plaz) an Nathalie Lamborelle, Lëtzebuerg (2. Plaz).
De Grand Prix Elsy-Jacobs 2009 um Réibierg.

Historique änneren

Déi éischt Oplo vum Grand Prix Elsy-Jacobs gouf de 26. Abrëll 2008 zu Garnech an Ëmgéigend disputéiert a war an der UCI-Klass 1.1. D'Course mat Depart an Arrivée zu Garnech ass iwwer enger total Distanz vun 92,8 km (8 Ronne vu jee 11,6 km) gefuer ginn. De Parcours ass vu Garnech, laanscht Holzem, op Dippech, Duelem an zeréck op Garnech gaangen. D'Haaptschwieregkeet war de Stouss am Fockebësch Montée tëscht Holzem an Dippech, wou och de Biergpräiss disputéiert gouf.

Déi zweet Oplo vum Grand Prix Elsy-Jacobs gouf den 1. Mee 2009 an der Gemeng Garnech gefuer a war an der Klass 2.1. Gewënnerin war d'Russin Svetlana Boubnenkova.[1]

Den 30. Abrëll 2017 gouf de Grand-Prix Elsy-Jacobs fir d'éischt vun enger Lëtzebuergerin, der Christine Majerus, gewonnen[2].

Palmarès änneren

 JoerGewënnerZweetenDrëtten
2008  Monia Baccaille  Nathalie Lamborelle  Marina Romoli
2009  Swetlana Bubnenkowa  Grace Verbeke  Iris Slappendel
2010  Emma Pooley  Monia Baccaille  Andrea Bosman
2011  Marianne Vos  Judith Arndt  Emma Johansson
2012  Marianne Vos  Annemiek van Vleuten  Adrie Visser
2013  Marianne Vos  Giorgia Bronzini  Emma Johansson
2014  Anna van der Breggen  Marianne Vos  Shelley Olds
2015  Anna van der Breggen  Annemiek van Vleuten  Lucinda Brand
2016  Katarzyna Niewiadoma  Katrin Garfoot  Anna van der Breggen
2017  Christine Majerus  Eugenia Bujak  Ashleigh Moolman
2018  Letizia Paternoster  Christine Majerus  Alexis Ryan
2019  Lisa Brennauer  Demi Vollering  Elizabeth Banks
2020ofgesot
2021  Emma Norsgaard  Leah Kirchmann  Maria Giulia Confalonieri
2022  Marta Bastianelli  Veronica Ewers  Silvia Persico
2023  Ally Wollaston  Marta Bastianelli  Anouska Koster

Referenzen änneren

  1. "Erfolg für Fenixs bei 'GP Elsy Jacobs'. wort.lu.
  2. Festival Elsy Jacobs - Majerus feiert Gesamtsieg op worrt.lu vum 30. Abrëll 2017