Grand Prismatic Spring ass den Numm vun der gréisster Thermalquell an den USA an der drëttgréisster op der Äerd.[1] Si ass am Weste vum Yellowstone-Nationalpark am Bundesstaat Wyoming.

Vue vun uewen.

De Baseng ass eng 75 m × 91 m grouss an ongeféier 49 m déif. All Minutt lafen an der Moyenne 2.000 Liter 71 °C waarmt Waasser aus der Quell.[2]

Den Numm vun der Quell bezitt sech op d'Faarwe vum Waasser am Baseng, déi, bal wéi bei engem Prisma, vu Blo iwwer Gréng, Giel bis hin zu Orange a Rout ginn. D'Faarwe komme vu Bakteerien an Algen am Biofilm laanscht de Bord vun der mineralräicher Thermalquell an hänken dovun of, wéi vill Chlorophyll a Carotinoiden dra sinn.[3]

Referenzen änneren

  1. Steam Explosions, Earthquakes, and Volcanic Eruptions—What's in Yellowstone's Future? U.S. Geological Survey.
  2. Grand Prismatic Spring. Geyser Observation and Study Association (GOSA).
  3. Thomas D. Brock: Colorful Yellowstone. Life at High Temperatures

Um Spaweck änneren

Commons: Grand Prismatic Spring – Biller, Videoen oder Audiodateien