Grand-Place (Bréissel)

D'Bréisseler Grand-Place, op hollännesch Grote Markt, ass d'historesch Zentralplaz vu Bréissel. Si ass eenheetlech am flämesche Barock gebaut a steet zanter 1998 op der Unesco­lëscht vun de Weltkulturierwen.

Grand-Place
Land Belsch
Gemeng Bréissel
Plaz Pentagon
Koordinaten 50° 50’ 48.15’’ N
      04° 21’ 09.14’’ O
Fläch 1,48 ha
Baustil Barock,
Gotik,
Neigotik,
Flamboyant
Statut Weltierwen


Verschidden Zonfthaiser
D'Stadhaus

Geschicht änneren

D'Grand-Place ass déi gréisst Plaz vum mëttelalterleche Bréissel. Do steet d'Stadhaus, an do gëtt zanter Joerhonnerte reegelméisseg e Maart ofgehalen. Si ass op enger Plaz entstanen, wou fréier tëscht zwou Niewebaache vun der Senne, dem Smaelbeek an dem Coperbeek, eng Supp war. Et ass net genee gewosst wéini datt déi Supp dréchegeluecht gouf, ma et war héchstwarscheinlech ëm déi Zäit wéi Bréissel tëscht dem 11. an 13. Joerhonnert, ugefaangen huet sech auszebreeden. Op jidde Fall hat se vun Ufank un de Status vun enger Maartplaz a gouf am Ufank Gemeyne Merckt a spéider am 14. Joerhonnert Nerdermeckt genannt. Am Ufank ware primitiv Holzhaiser onreegelméisseg ëm d'Plaz verdeelt. No an no goufen dunn eng Dicherhal, e Brouthaus an eng Fleeschhal opgeriicht. Am 15. Joerhonnert gouf d'Stadhaus an eng nei Brouthal gebaut. Ëm déi Zäit war och den Amenagement vun de Plaz praktesch schonn de selwechte wéi haut. An den nächsten zwee Joerhonnerte goufen déi hëlzen Haiser all mat Gebaier aus Steen ersat.

1523 goufen hei déi éischt Protestanten, den Henri Voes an de Jean Van Eschen duerch d'spuenesch Inquisitioun verbrannt. An och d'Grofen Egmont an Horne, déi den Opstand géint de Felipe II. vu Spuenien geleet hunn, goufe 1568 do gekäppt.

Den 13. a 14. August 1695 huet de Maréchal de Villeroy d'Stad op Uerder vum Louis XIV bombardéiert.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bombardement vu Bréissel 1695.

Duerno war d'Grand-Place nach just eng eenzeg Ruin. Just déi déck Mauere vum Stadhaus a vun der Brouthal, sou wéi e puer Gebaier um westleche Wutz haten duergehalen. D'Haiser ronderëm d'Plaz goufen awer all bannent e puer Joer, vun den Zënft nees opgebaut, déi an engems dovu profitéiert hunn, domat hirem Räichtum an hirer Muecht Ausdrock ze ginn. Am alen Zonfthaus vun de Brauer ass hautdesdaags de Musée des brasseurs belges. D'Aarbechte goufe vum Archtitekt Guillaume de Bruyn iwwerwaacht, a vill architektonesch Virschrëften hu misse respektéiert ginn an all d'Pläng vun den neie Gebaier hu misse vum Gemengerot approuvéiert ginn.

Gebaier op der Grand-Place änneren

Haut stinn op der Plaz 41 Gebaier en et kënnt een iwwer 7 Stroossen dohin.

D'Stadhaus änneren

D'Stadhaus gouf tëscht 1402 a 1455 am spéitgotesche (Flamboyant brabançon) Stil gebaut. De lénkse Flillek gouf vum Jacques van Tienen tëscht 1402 a 1420 gebaut, den Tuerm, dee vum Architekt Jan Van Ruysbroeck gebaut gouf, ass 96 Meter héich an huet op senger Spëtzt eng koffer Statu vum hellege Méchel, dem Patréiner vu Bréissel, wéi e géint den Draach gewënnt. Déi Statu ass 5 Meter héich a gouf 1455 vum Martin Van Rode realiséiert. Den Architekt vum rietse Flillek deen tëscht 1444 a 1451 gebaut gouf, ass net bekannt. Um Tympan iwwer der Entréesdier si Skulpture vum hellege Méchel mat riets de hellege Georges an hellege Géry a lénks den hellege Christophe an hellege Sébastien.

 
Maison du Roi/Broodhuis

Maison du Roi/Broodhuis änneren

D'Maison du Roi war zanter dem 12. Joerhonnert en hëlzent Haus, an deem Brout verkaaft gouf (dofir säin hollänneschen Numm). Am 15. Joerhonnert gouf et duerch en Haus aus Steen ersat, wouran d'Verwaltung vum Herzogtum Brabant hire Sëtz hat. 1873 gouf d'Haus am neogotesche Stil renovéiert. Haut ass do de Stadmusée dran, an deem ë. a. dem Manneken Pis seng Honnerte vu Kostümen ausgestallt sinn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren


Commons: Grand Place (Brussels) – Biller, Videoen oder Audiodateien