Gott ist mein König ass eng Kantat vum Johann Sebastian Bach.

Deckblatt des Druckes von 1708

Si gehéiert zum Bach sengem Fréiwierk. Komponéiert huet hie se fir de 4. Februar 1708 fir de Rotswiessel an der Fräier Räichsstad Mühlhausen. De Bach war Organist an der Kierch Divi Blasii an hat am Kader vun dësem Amt d'Aufgab, de Gottesdingscht zu der Asetzung vum Rot deen nei gewielt gouf, mat enger Kompositioun auszestatten. D'Texter goufe méiglecherweis vum Paschtouer Georg Christian Eilmar zesummegestallt a gedicht, dee bal zäitgläich d'Kantat "Aus der Tiefen rufe ich, Herr, zu dir" an Optrag ginn hat.

Den Text besteet zum gréissten Deel aus Wierder aus der Bibel, déi am éischten an am véierte Saz dem 74. Psalm, a weider dem 2. Buch Samuel an dem 1. a 5. Buch Mose entholl sinn. Den Text vum zweete Saz "Ich bin nun achtzig Jahr" hëlt wuel Bezuch op den 83-järegen Albuergermeeschter Adolf Strecker, dee seng Amtsgeschäfter ofginn hat. D'Bibelzitater ginn am zweete Saz ergänzt duerch déi 6. Stroph vum Kierchelidd "O Gott, du frommer Gott" vum Johann Heermann. Insgesamt loosse sech d'Texter dem Ulass ugepasst als Meditatioun iwwer den Iwwergang vun al op jonk verstoen, verbonne mat ofschléissende Gléckwënsch fir dat "neit Regiment", déi nei gedicht goufen.

D'Kantat BWV 71 gehéiert zu de bedeitende Fréiwierker vum Bach a weist mam Feele vu Rezitativen, Da-capo-Arien a kuerze, fléissende Sätz, déi aneneen iwwerginn, typesch Kennzeeche vum traditionelle Kantatentypus vum 17. Joerhonnert. Ofweichend vun den iwweregen erhalene Kantaten aus der Mühlhauser Zäit ass awer déi opwänneg Instrumentéierung. Dee wuel bekanntste Saz ass de sechsten, bei deem een homophone Chouer dat grousser Schéinheet d'Wierder aus Psalm 74 „Du wolltest dem Feinde nicht geben die Seele deiner Turteltauben“ virdréit.

E besonneschen Aspekt vun der Rotswiesselkantat ass, datt si dat éischt Wierk vum Bach ass, wat gedréckt gouf. Bis zum Doud vum Komponist ass de bis haut eenzeg bekannten Drock vun enger Bachkantat.

Besetzung änneren

Um Spaweck änneren