De Goðafoss ass ee vun de bekanntste Waasserfäll an Island.

Goðafoss

E läit um Territoire vun der Gemeng Þingeyjarsveit am Nordoste vum Land. De Floss Skjálfandafljót fält do op enger Breet vun zirka 30 m ongeféier 12 m an d'Déift.

Den Numm "Gëtter-Waasserfall" kéim enger Seechen no dohier, datt ëm d'Joer 1000, den Þorgeir, ee vun den Delegéierte vun engem Thing, op deem decidéiert gouf, datt Island d'Chrëschtentum iwwerhuele sollt, do seng lescht Statue vun nordesche Gëtter an d'Waasser gepucht soll hunn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Goðafoss – Biller, Videoen oder Audiodateien