Global Earth Observing System of Systems

Global Earth Observation System of Systems (GEOSS) ass eng Initiativ vun der ad hoc intergovernmental Group on Earth Observations (ad hoc GEO), fir bei der Äerdobservatioun méi enk zesummenzeschaffen. De Programm gouf 2005 zu Bréissel vu 40 Staate beschloss an huet eng Lafzäit vun 10 Joer.

D'Visioun vu GEOSS ass et, dem Wuel vu Mënsch an Ëmwelt ze déngen. Dozou definéiert de Programm follgend Ziler:

  • Erofsetze vu Verloschter bei Katastrophen
  • Fuerschung vun den Ëmweltfaktoren, déi schlecht fir d'Gesondheet vum Mënsch sinn
  • Verbesserung vum Ëmgang mat der Energie, déi eis zur Dispositioun steet
  • Fuerschung vun der Klimaentwécklung
  • Fuerschung vum Waasserkreeslaf a Verbesserung vum Ëmgang mat Waasser
  • Verbesserung vun der Wiederobservatioun a -virausso
  • Fuerschung a Schutz vun Ekosystemer um Land, laanscht Küsten an an de Mierer
  • Observatioun a Schutz vun der biologescher Aartendiversitéit

Dës Ziler well GEOSS duerch verschidden Aktivitéiten erreechen:

  • Analys an Definitioun vu kollektive Benotzerufuerderungen
  • Gewanne vun Äerdobservatiounsdaten
  • Äerdobservatiounsdatebeaarbechtung
  • Austausch vun Daten
  • Qualitéitskontroll

Beispillsweis sollen oppe Standarde festgeluecht an agehale ginn, wouduerch d'Veraarbechtung, d'Archivéierung an den Austausch vu Satellittefotoe méi einfach gëtt.

Den Ënnerprogramm Global Geodetic Observing System (GGOS) befaasst sech mat der héichgeneeër Vermiessung vun der Äerd.

D'Europäesch Kommissioun ergänzt GEOSS duerch déi europäesch Programmer GMES an INSPIRE.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren