De Gliese 581 d ass en äerdänleche extrasolare Planéit, deen de 24. Abrëll 2007 entdeckt gouf. De Planéit läit ronn 20 Liichtjoer vun der Äerd ewech am Stärebild Libra.

Kënschtleresch Duerstellung vu Gliese 581 d

Entdeckung änneren

De Planéit gouf mat Hëllef vum HARPS vu Wëssenschaftler vun der Universitéit Genf ënner der Leedung vum Schwäizer Astronom Stéphane Udry entdeckt,.

Eegenschafte änneren

De Gliese 581 d ëmkreest de sonnenänleche Stär Gliese 581, en M-Stär, dee ronn 20 Liichtjoer vun der Äerd ewech ass. Fir en Ëmlaf brauch hie ronn 66 Deeg. De Planéit ass an der habitabler Zon, wat prinzipiell äerdänlech Temperaturen an d'Existenz vu Waasser a flësseger Form erméiglecht. Iwwer d'Uewerfläch oder eng eventuell Atmosphär vum Planéit ass nach näischt bekannt. Et gëtt Vermutungen, datt de Gliese 581 d e Mound hätt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie