De Gliese 370 b (och nach HD 85512 b genannt) ass en äerdänlechen extrasolare Planéit, deen de 17. August 2011 entdeckt gouf. De Planéit läit ronn 36 Liichtjoer vun der Äerd ewech am Stärebild Vela.

Kënschtleresch Duerstellung vu Gliese 370 b
Den Orbit vum Gliese 370 b an déi habitabel Zon vum Gliese 370

Entdeckung änneren

De Planéit gouf mat Hëllef vum HARPS vu Wëssenschaftler vun der Universitéit Genf ënner der Leedung vum Schwäizer Astronom Stéphane Udry, entdeckt,

Eegenschafte änneren

De Gliese 370 b ëmkreest de sonnenänleche Stär Gliese 370, e K-Stär, dee ronn 36 Liichtjoer vun der Äerd ewech ass. Fir en Ëmlaf brauch hie ronn 54 Deeg. De Planéit ass an der habitabler Zon, wat prinzipiell äerdänlech Temperaturen an d'Existenz vu Waasser a flësseger Form erméiglecht. Iwwer d'Uewerfläch oder eng eventuell Atmosphär vum Planéit ass nach näischt bekannt. D'Duerchschnëttstemperatur ass op 25 °C geschat ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren