De Gliese 229 (GL229) ass e Stär am Stärebild Lepus. Et handelt sech dobäi ëm en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 18,8 Liichtjoer.

Gliese 229B (an der Bildmëtt, all Kéier), lénks: Entdeckung um Palomar Observatoire, riets: Hubble Weltraumteleskop (NASA)

Beim GL229A handelt et sech ëm e Rouden Zwerg vum Spektraltyp M1, bei GL229B ëm ee brongen Zwerg vum T6-Typ mat der 20 bis 50-facher Jupitermass an enger Uewerflächentemperatur vu ronn 950 K. D'Distanz tëscht deenen zwou Komponenten ass mindestens 6,5 Millioune Kilometer. D'Bunndate kënnen awer eréischt tëscht de Joren 2010 an 2015 ausgerechent ginn, fir eng genee Bunnanalys duerchzeféieren an domat d'Mass an Distanz genee ze bestëmmen.

Beim GL229B handelt et sech ëm den éischten zweifelsfräi nogewisene brongen Zwerg (1995).

Gréissten- an Temperaturvergläich tëscht der Sonn, Gliese 229 A + B, Teide 1 a Jupiter

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie