Giustino oder Justin (HWV 37) ass eng Oper vum Georg Friedrich Händel an dräi Akten aus dem Joer 1737.

Georg Friedrich Händel

De Stoff fir den Operentext baséiert op enger Dichtung vum Niccolò Beregani. Déi erzielt fräi vun historesche Perséinlechkeete vum byzantinesche Räich, vum Keeser Anastasios I. a sengem Nofollger Justin I.. D'Beregani-Dichtung hat schonn e puermol als Virlag fir Opere gedéngt: 1683 beim Giovanni Legrenzi, 1711 beim Tomaso Albinoni a 1724 beim Antonio Vivaldi. De Libretto dee vum Händel benotzt gouf, gouf vun engem onbekannten Dichter op Basis vun deem Text erstallt, deen de Pietro Pariati fir den Albinoni geschriwwen hat.

Giustino ass an engem aarbechtsräiche Joer entstanen. Den Händel huet de 14. August 1736 mat der Aarbecht ugefaangen, a war den 3. September mam zweeten Akt fäerdeg. Éier hien d'Oper fäerdegestallt huet, huet hie vu Mëtt September bis Mëtt Oktober d'komplett Musek fir Arminio geschriwwen. Eréischt duerno huet hie sech nees un den Giustino gemaach, an d'Wierk den 20. Oktober fäerdeg kritt. Mëtt Dezember huet en nach mat der Kompositioun vu Berenice ugefaangen.

D'Première war de 16. Februar 1737 am Covent Garden Theatre.

Ëm wat et geet änneren

Éischten Akt änneren

 
Fortuna vum Albrecht Dürer

Nodeem den Anastasios vun der Ariadne zum Keeser gekréint gi war, gëtt hie vum Amanzio drop opmierksam gemaach, datt de Vitalian mat senger Arméi d'byzantinescht Räich a Gefor bréngt. De Polidartes bitt als Dréier vu Vitalian e Friddensschloss un, mä ënner der Bedingung datt den Anastasios d'Ariadne goe léisst. Den Anastasios leent of.

An enger ländlecher Géigend plout de Justin e Feld. Hien dreemt dovun, als Kriger zu Ruhm ze kommen, mä gesäit awer säi Schicksal doran, an der Landwirtschaft säi Liewen ze verbréngen. Do erschéngt him d'Fortuna a fuerdert hien op, an d'Schluecht ze zéien, a seng Haip géint e Palais ze tauschen. Den éischte Schrëtt dozou gëtt dann och direkt ageleet: Beim Fortgoe gesäit hien d'Leocaste, déi vun engem Bier verfollegt gëtt, a bréngt dësen ëm. Als Merci hëlt si hie mat an de Palais.

An hirer Kummer fuerdert d'Ariadne den Amasios op, hir ze hëllefen a mat hirem Mann an de Krich ze zéien. Den Amansios iwwerleet iwwerdeems, wéi hien op den Troun kéint kommen.

Den Anastasios mécht de Justin zu sengem Ritter a gëtt em den Uerder, d'Ariadne ze befreien, déi bei engem Ugrëff an der Nuecht vun der Arméi vum Vitalian an d'Hänn vum Feind geroden ass. Am Militärlager gëtt d'Ariadne dem Vitalian virgefouert. Hie freet si direkt, fir seng Fra ze ginn, mä si bleift dem Anastasios trei. Doropshi gëtt de Vitalian dem Polidartes den Uerder, si engem Béischt ze friessen ze ginn.

Zweeten Akt änneren

Den Anastasios an de Justin strande mat hirem Schëff a ginn an eng Haip um Land fir ze raschten. De Polidarted daucht op a léisst d'Ariadne un e Fiels ketten, wou si op d'Béischt waard soll. Wéi d'Béischt erauskënnt, gëtt et vum Justin ëmbruecht an d'Ariadne an den Anastasios kommen erëm zesummen.

Nees mécht d'Handlung e Spronk. De Justin huet an der Tëschenzäit de Vitalian geschloen, a féiert hien a Kette virun de Keeser. Den Anastasios seet him Merci a schéckt de Vitalian bei d'Ariadne, déi de Vitalian an en Tuerm aspäre léisst.

Drëtten Akt änneren

 
Tremississ vum Justin I.

De Vitalian gëtt vu senge Leit befreit a schwiert sech ze rächen. An der Tëschenzäit probéiert den Amansios beim Anastasios Mësstraue géintiwwer dem Justin ze séien, deen elo als neie Rebell kéint d'Muecht u sech räissen.

D'Ariadne deelt dem Justin hir Bewonnerung fir säi Mutt mat, a schenkt im e Rimm voller Bijouen, deen den Anastasios hir geschenkt hat. Den Amansios erzielt dem Keeser vum Geschenk an deit et als Zeeche fir eng Léift tëscht dem Justin an der Ariadne. Dorophin entbrennt am Anastasios d'Mëssgonscht vis-à-vis vum Justin. Wéi den Justin zesumme mat der Ariadne an der Leocaste virun him erschéngt, léisst hien de Justin offéieren.

D'Leocaste, déi den Amansios fir de Veréider hält, iwwerleet sech, wéi si de Justin rette kann, an dee si sech verléift huet. Den Amansios freet sech datt säi Plang geklappt huet.

Nodeem de Justin vun der Leocaste befreit ginn ass, iert hien ëmhier. An enger Biergschlucht fënnt de Vitalian hien, wéi hie grad schléift. Wéi hien en ëmbrenge well, deet sech de Bierg op an d'Stëmm vum Vitalian dem Eelere verkënnegt him, datt de Justin säi Brudder ass. Déi zwéi versöhne sech a beschléissen, de Verrot vum Amansios ze rächen.

An der Tëschenzäit huet den Amansios den Anastasios, d'Ariadne an d'Leocaste a Kette geluecht, a sech selwer zum Keeser gemaach. Elo kommen de Justin an de Vitalian a verdreiwen hien, an et kënnt zu enger grousser Versöhnungsfeier.

Persounen änneren

  • Anastasio, Keeser vu Byzanz, Sopran oder Kontertenor
  • Arianna, seng Fra, Sopran
  • Leocasta, dem Keeser seng Sëschter, Alt
  • Amanzio, keeserleche Feldhär, Alt
  • Giustino, Bauer, Alt oder Kontertenor
  • Vitaliano, Tyrann aus Klengasien
  • Polidarte, dem Vitaliano säin Offizéier, Bass
  • La Fortuna, Sopran