Girolamo Fracastoro

italieeneschen Dokter an Dichter

De Girolamo Fracastoro ass gebuer ëm 1478 zu Verona a gestuerwen den 8. August 1553 zu Incaffi (no bei Verona). Hie war en italieeneschen Dokter an Dichter, deen de Krankheetsbegrëff vun der Syphilis erfonnt huet.

Girolamo Fracastoro
Gebuer 1478 jul.
Verona
Gestuerwen 6. August 1553 jul.
Educatioun Universitéit vu Bologna,
Universitéit vu Padua
Aktivitéit Dichter, Epidemiolog, Mathematiker, Geograph, Astronom, Lecteur
Poemata omnia, 1718

De Fracastoro gouf ëm 1478 als Bouf vun enger räicher kathoulescher Patrizierfamill zu Verona an der Republik Venedeg gebuer. Hien huet an der Universitéit Padua studéiert, wou hie mat dem Astronom Nikolaus Kopernikus zesummegeschafft huet. Sou war de Fracastoro duerch an duerch e Wëssenschaftler vun der Renaissance, net nëmmen op de Gebidder vu Medezin, Literatur an Astronomie, awer och als Geolog, Geograph, Philosoph a Mathematiker.

E wichtegt Aarbechtsgebitt vum Fracastoro waren d'ustiechend Krankheeten. Hie gëtt vu munnechen Auteuren als ee vun de Weebereeder vun der moderner Mikrobiologie betruecht, well hien d'Opfaassung vertrueden huet, datt bestëmmt Krankheeten duerch spezifesch Keimen iwwerdrobar sinn.

  • 1530 huet de Fracastoro zu Verona e berüümt Gedicht iwwer d'Syphilis verëffentlecht (Syphilis, sive morbi gallici, libri tres, ad Petrum Bembum).
  • Am Joer 1538 ass säi Buch Homocentricorum sive de stellis, liber unus zu Venedeg erauskomm.
  • 1546 huet de Fracatoro zu Venedeg dräi Bicher verëffentlecht: De contagionibus et contagiis morbis et eorum curatione (Dräi Bicher vun Kontagien, de kontagiéise Krankheeten an hir Behandlung). Si enthalen ë. a. déi éischt charakteristesch Beschreiwwung vun der Pescht an dem Typhus.

An de Jore 1546/47 huet de Fracastoro als Dokter am Konzil von Trient geschafft. Hien ass den 8. August 1553 zu Incaffi um Gardaséi (no bei Verona, Uertsnumm haut: Affi) gestuerwen.

Literatur änneren

  • Wolfgang U. Eckart: Geschichte der Medezin. 3. Auflage. Springer-Verlag, Berlin, Heidelberg und New York 1998, ISBN 3-540-63756-7

Um Spaweck änneren

Commons: Girolamo Fracastoro – Biller, Videoen oder Audiodateien