Den Don Bosco, eigentlech Giovanni Bosco, gebuer de 16. August 1815 zu Becchi/Turin a gestuerwen den 31. Januar 1888 zu Turin, war en italieenesche Sozialpedagog.

Giovanni Bosco
Gebuertsnumm Giovanni Melchiorre Bosco
Gebuer 16. August 1815
Gestuerwen 31. Januar 1888
Turin
Nationalitéit Kinnekräich Italien, Kinnekräich Piemont-Sardinien
Aktivitéit Priister

De kathoulesche Paschtouer "Don Bosco" huet sech den eleng geloossenen a verwahrloste Kanner ugeholl a fir si 1846 zu Turin-Valdocco een Duerf als dauerhaft Wunnplaz fir 700 Jonker ageriicht.

1857 huet hien d'Kongregatioun vun de Salesianer an den Uerde vun de Maria-Hëllef Schwëstere gegrënnt.

1934 gouf den Don Bosco helleggesprach.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Don Bosco – Biller, Videoen oder Audiodateien