Giovanni Battista Hodierna

italieeneschen Astronom

Den Giovanni Battista Hodierna, gebuer den 13. Abrëll 1597 zu Ragusa a gestuerwen de 6. August 1660 zu Palma di Montechiaro war en italieeneschen Astronom.

Giovanni Battista Hodierna
Gebuer 13. Abrëll 1597
Ragusa
Gestuerwen 6. Abrëll 1660
Palma di Montechiaro
Nationalitéit Kinnekräich Sizilien
Aktivitéit Entomolog, Astronom, Architekt

Schonn als jonke Mann huet hie Koméiten op Sizilien, a senger Gebuertsstad Ragusa, observéiert. Spéider gouf hie Paschtouer an huet Mathematik ënnerriicht. Niewelaanscht huet hien awer weider Himmelsobjeten observéiert.

Den Hodierna huet 1654 de Katalog De Amirandis Coeli Characteribus publizéiert, mat ronn 40 Texter vun Himmelskierper. Seng Observatioune waren dem breede Publikum net bekannt, soudatt se laang net gesi goufen. Eréischt an den 1980er Jore goufe s'erëmfonnt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren