Giorgos Andrea Papandreou

griichesche Politiker

De Giorgos Andrea Papandreou (gr: Γιώργος Ανδρέα Παπανδρέου), gebuer de 16. Juni 1952 zu St. Paul, Minnesota, ass e griichesche Politiker.

Giorgos Andrea Papandreou
Gebuer 16. Juni 1952
Saint Paul
Nationalitéit Griicheland, USA
Educatioun Amherst College,
London School of Economics,
Harvard Universitéit,
London School of Economics,
Universitéit vu Stockholm
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Soziolog
Partei PASOK
Famill
Papp Andreas Papandreou
Mamm Margaret Chant-Papandreou
Geschwëster Sofia Papandreou, Emilia Nyblom, Andreas Papandreou, Níkos Papandréou

Hie war vun 1985 bis 1987 Staatssekretär fir Kultur a vun 1988 bis 1989 Minister fir Educatioun a Kultus. Vun 1996 bis 1999 war hien Delegéierten Ausseminister a vun 1999 bis 2004 Ausseminister vu Griicheland. Zanter Februar 2004 ass e President vun der PASOK-Partei.

Am Oktober 2009 huet seng Partei virgezunnene Parlamentswale gewonnen, a sou huet de Papandreou de Kostas Karamanlis als Ministerpresident vu Griicheland ofgeléist a gouf zousätzlech Ausseminister. Am November 2011 ass e wéinst Protester géint seng Austeritéitspolitik, am Kader vun der Staatsscholde-Kris, zeréckgetrueden.

De Papandreou ass den Enkel vum Georgios Papandreou an de Jong vum Andreas Papandreou, déi allebéid e puermol un der Spëtzt vun der griichescher Regierung waren.

Um Spaweck änneren

Commons: Giorgos Andrea Papandreou – Biller, Videoen oder Audiodateien