D'Gileppe ass eng belsch Baach déi hir Quellen um Héije Venn an der Provënz Léck huet.

Si entsteet um Bord vun der Fagne Lambotte op enger Héicht vu 485 Meter, aus dem Zesummelaf vun e puer klenge Baache mat méi enger grousser Baach déi op der belscher ING-Kaart als Noir Ru agedroen ass.

Vun do aus leeft se an Direktioun Nordwesten fir no ronn 5.300 Meter an de Séi vun der Gileppetalspär ze lafen. Bis dohi sinn nach epuer kleng Baachen dragelaf an zwar de Ruisseau des Huttes an d'Baach mam numm Le Louba. Am Séi selwer kënnt nach eng Baach dobäi déi och Noir Ru heescht.

Soubal wéi se aus dem Stauséi eraus ass, leeft nach vu lénks de Ruisseau de Borchêne dran, a si selwer leeft 1.500 Meter mé déif vu lénks an d'Vesdre.