Gielt Mier

Deel vum chineesesche Mier

D'Gielt Mier (op Chineesesch 黄海 Huánghǎi an op Koreanesch 서해 Seohae oder 황해 Hwanghae) ass den nërdlechen Deel vum Ostchineesesche Mier, engem Niewemier vum Pazifik, a läit tëscht der koreanescher Hallefinsel an dem chineesesche Festland.

Gielt Mier an d'Bucht vum Bohai Mier

Säin Numm huet d'Mier wéinst senger gielzeger Faarf. Dee charakteristesche Faarftoun kënnt vum Sedimentgestengs an de Sandpartiklen, déi vum Giele Floss an d'Mier gespullt ginn a sech dann do oflageren.

Dee gréissten Ausleefer vum Giele Mier ass d'Bohai-Mier, eng Bucht laanscht d'chineesesch Provënze Shandong, Hebei a Liaoning.

Um Spaweck änneren

Commons: Gielt Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien