E Gielen Zwerg ass e Stär vun der sougenannter Haaptrei, dat heescht, hien ass mat der Sonn a punkto Mass a Gréisst vergläichbar. D'Haaptrei mécht bal 90 Prozent vun alle Stären aus a verleeft am Hertzsprung-Russell-Diagramm diagonal vun der ieweschter Mëtt no riets ënnen zu de rouden, klenge Stären.

Eis Sonn ass ee gielen Zwerg

D'Sonn selwer gehéiert zu der Grupp vun de gielen Zwergen, déi awer - am Géigesaz zu de Begrëffer wéi Wäissen Zwerg oder Roude Ris - kee feste Begrëff ass. Et hëlt ee mat dësem Numm nëmme Bezuch op déi relativ minim Gréisst vun dësen Duerchschnëttsstären (am Verglach zu z. B. Roude Risen) an op déi giel Faarf. D'Faarf ass fir eng Uewerflächentemperatur vu ronn 5500 Grad Celsius typesch an entsprécht der Spektralklass G.

Beispiller fir giel Zwergen (G-V-Stären)
Numm Mass a M Radius a R Liichtkraaft a L
55 Cancri A 0,95 0,96 0,63
Alpha Centauri A 1,11 1,22 1,52
Alpha Mensae 0,87 0,85 0,82
51 Pegasi 1,06 1,15 1,34
18 Scorpii 1,01 1,03 1,08
Sonn 1,00 1,00 1,00
Tau Ceti 0,77 0,82 0,52

Déi meescht giel Zwergestäre gehéieren zur Stärepopulatioun I.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Yellow dwarfs – Biller, Videoen oder Audiodateien