Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Gießen ass eng däitsch Universitéitsstad an Hessen.

Gießen
Land Däitschland
Awunner 94.146
 (31. Dezember 2022)
Fläch 72,55 km²
Héicht 155 m
Koordinaten 50°35'N, 8°40'O
Telefonszon 06403
Postcode 35390–35398
Websäit https://www.giessen.de/
Jumelage mat Ferrara, Winchester, Waterloo, Versailles

Déi 1607 gegrënnt Universitéit, déi am Joer 1957 den neien Numm Justus-Liebig-Universität krut, deckt dee ganze Spektrum vu geeschtes- an naturwëssenschaftleche Gebidder of an huet e gudden internationale Ruff.

Kuckeswäertes änneren

  • De Botanesche Gaart zu Gießen ass deen eelsten a ganz Däitschland.
  • Den um Ufank vum 20. Joerhonnert gebaute Stadtheater gëllt als Mëttelpunkt vum Gießener Kulturliewen.
  • Liebig-Museum
  • Mathematikum
  • Stadtkirchenturm
  • Altes Schloss
  • Alter Friedhof

Perséinlechkeeten änneren

  • Justus Liebig, den Erfinder vum Konschtdünger, vum Liebigextrakt a vum Liebigkolben, an den éischte Beschreiwer vum Kuelestoffkreeslaaf.
  • Wilhelm Liebknecht, Matgrënner vun der SPD.
  • Wilhelm Conrad Röntgen, den éischten Nobelpräisdréier an der Physik (1901). Hien huet zu Gießen enseignéiert a läit och do begruewen.

Illustratiounen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Durchgangslager Gießen – Biller, Videoen oder Audiodateien