Gibraltar vum Norden ass en historesche Spëtznumm fir d'Stad Lëtzebuerg, dee sech op d'Festung Lëtzebuerg bezitt, an hir Roll an der Kontroll vun der lénkser Rhäinsäit tëscht Frankräich an Däitschland. D'Analogie zu Gibraltar kënnt dohier, well dëst och eng Festung war, déi d'westlecht Mëttelmier kontrolléiert huet, an déi d'Spuenier de Britten net ofhuele konnten.

Virum allem am 17. an 18. Joerhonnert gouf d'Festung ëmmer nees ausgebaut a moderniséiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Festung Lëtzebuerg.

An de Koalitiounskricher huet d'Festung der Belagerung duerch d'Franséisch Truppe siwe Méint standgehalen, ier d'éisträichesch Garnisoun de 7. Juni 1795 opginn huet (mä d'Festungsmauere selwer sinn net zerstéiert ginn).[1] Dëst huet de franséische Politiker an Ingenieur Lazare Carnot dozou bruecht, ze soen Lëtzebuerg wier "déi bescht [Festung] vun der Welt, no Gibraltar."[1]

D'Wichtegkeet vun der Festung, am Spannungsfeld tëscht Frankräich a Preisen gouf nach eng Kéier 1866 bei der Lëtzebuerg-Kris däitlech, wéi et, am Sträit, wien d'Festung kontrolléiere géif, bal zum Krich tëscht deenen zwee Länner komm ass. Fir dat ze verhënneren, gouf 1867 am Traité vu London verlaangt, datt d'Festung Lëtzebuerg ofgerappt a Lëtzebuerg fir ëmmer neutral sollt ginn.

De Begrëff gouf duerch dem Arthur Herchen säi Manuel d'Histoire nationale (9 Editiounen tëscht 1918 an 1972) markéiert. Och de Jean-Pierre Koltz huet de Begrëff a senge Publikatioune gebraucht.[2]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Kreins (2003), p.64
  2. Kmec (2008), S.268-69.

Literatur änneren

  • (fr) Jean-Marie Kreins (2003): Histoire du Luxembourg. Presses Universitaires de France, Paris (3. Editioun). ISBN 978-21-3053-852-3.
  • (de)Sonja Kmec (2008): "Gibraltar des Nordens". In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun; S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg, S.267-271. ISBN 978-2-87963-705-1