Gerardus Johannes Vossius

De Gerardus Johannes Vossius, gebuer am Mäerz 1577 an der Géigend vun Heidelberg, a gestuerwen de 17. Mäerz 1649 zu Amsterdam, war en däitsche Geléierten.

Gerardus Johannes Vossius
Gebuer Mäerz 1577 jul.
Heidelberg
Gestuerwen 17. Mäerz 1649
Amsterdam
Nationalitéit Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen
Educatioun Universitéit vu Leiden
Aktivitéit Theolog, Musikolog, Musekstheoretiker, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Historiker, Linguist
Famill
Kanner Isaac Vossius, Matthäus Vossius

Numm änneren

Vum Numm gëtt et e puer Dose Varianten; ë. a. Gerrit J. Vos; Gerhard Johannes Voss; Gerhard Johann Vossius...

Liewen änneren

Hie war de Jong vum reforméierte calvinistesche Landpriedeger Johannes Vossius vu Roermond, dee mam Kurfürst Ludwig VI. uneneegerode war, well e refuséiert huet, sech der lutherescher Owesmoolzecht-Léier unzeschléissen, sou wéi de Ludwig dat verlaangt hat. Doropshin ass de Papp op Leiden geplënnert. No zwou weideren Etappen huet e sech zu Dordrecht néiergelooss, wou e 1585 gestuerwen ass. Dat Joer virdru war dem Gerardus seng Mamm scho gestuerwen a sou war hie mat aacht Joer e Weesekand.

E gouf vun enger Wittfra, där hire Mann e gudde Frënd vum Gerardus sengem Papp war, opgeholl. A senge Schrëften ernimmt e si als zweet Mamm (altera mater). Nodeem hien zu Dordrecht Latäin an Algriichesch geléiert hat, ass en am September 1595 op Leiden gaangen, wou hie beim Bonaventure Vulcanius Griichesch a beim Robert Snellius Mathematik a beim Peter Molinäus a Peter Bertius Philosphie studéiert huet. 1598 gouf en no senger Promovéierung Magister an Dokter vun der Philosophie.

Duerno huet hie beim Lucas Trelcatius Franz Junius a beim Franz Gomarus nach Theologie gemaach; a beim Junius och nach Hebräesch. Ufanks 1600 hunn d'Kuratore vum Dortrechter Gymnasium him de Rektorat ugebueden an hien huet zougesot an en ass bis 1614 do bliwwen.

Vu 1614 bis 1619 war en Rekter vum Staatekolléisch zu Leiden, enger Schoul fir Theologen. Hien hat déi Plaz kritt op Recommandatioun vu sengem Frënd, dem Hugo Grotius.

Et war eng Zäit vu schlëmme Streidereien tëscht de Supporter vum Arminius, de sougenannte Remonstranten, an op där anerer Säit de "strenggleewege" Calvinisten. 1619 hunn op der Dordrechter Synod d'Calviniste gewonnen, an de Vossius huet seng Plaz verluer. Ee Joer drop, op der Synod vu Gouda gouf e souguer vun der helleger Kommunioun ausgespaart. Nach e Joer drop krut en duerch d'Synod vu Rotterdam d'Recht zeréck d'Kommunioun ze kréien, mä en huet keng Plaz méi däerfen hunn, déi eppes mat Theologie ze dinn hat.

Nodeem dat sech berouegt hat, ass en op der Leidener Universitéit Professer fir Eloquenz, der haiteger Retholrik, a fir Geschicht genannt ginn. 1631 huet e Leiden verlooss, an en huet eng Professur fir Geschicht am neien Atheneum zu Amsterdam ugetrueden.

De Vossius ass un enger Erysipel gestuerwen.

Wierker änneren

  • Oratoriarum institutionum libri VI [1606]
  • Historia Pelagiana sive Historiae de controversiis quas Pelagius ejusque reliquiae moverunt, libri VII [1618]
  • Rhetorices contractae sive partitionum oratoriarum libri V [1621]
  • Aristarchus, sive de arte grammatica [1635 und 1695]; Neioplo 1833-35
  • Etymologicum linguae Latinae (1662; Neieditioun 1762-63);
  • De historicis Graecis Libri III [1624]
  • De historicis Latinis Libri III [1627]
  • Commentatorium rhetoricorum [1630]
  • De theologia gentili et physiologia Christiana, sive de origine ac progressu idololatriae, deque naturae mirandis quibus homo adducitur ad Deum, Libri IV [1641]
  • Dissertationes tres de tribus symbolis, Apostolico, Athanasiano et Constantinopolitano [1642].
  • Poeticarum institutionum libri tres [1647]; 2006, Frommann-Holzboog, Bad Cannstatt.
  • De artis poeticae natura ac constitutione liber [1647]; Neieditioun 2006
  • De Imitatione Liber [1647]; Neieditioun 2006

Um Spaweck änneren

Commons: Gerardus Johannes Vossius – Biller, Videoen oder Audiodateien