De Georgi Nikolajewitsch Babakin; gebuer den 13. November 1914 zu Moskau an och do gestuerwen den 3. August 1971, war e sowjetesche Raumfaartingenieur.

Georgij N. Babakin
Gebuer 31. Oktober 1914 jul.
Moskau
Gestuerwen 3. August 1971
Moskau
Doudesursaach Häerz-Kreeslafkrankheet
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Sowjetunioun
Aktivitéit Ingenieur
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun
Member vun Wëssenschaftsakademie vun der URSS

Vun 1965 bis zu sengem Doud war hien de Chefdesigner vum Lawotschkin-Konstruktiounsbüro (OKB-301) a war zum Beispill fir d'Konstruktioun vun de Marssonde Mars 2 an 3 verantwortlech.

De Verloscht vun der Sojus-11-Crew an der N1-Drorakéit, deen zäitlech mat sengem Doud zesummegefall ass, war staark demoraliséierent op de sowjetesche Raumfaartprogramm.

De Babakin-Krater um Äerdmound an de Krater mat dem selwechten Numm um Mars goufen zu sengen Éieren no him genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren