Georges Weyer

klenggewuessene Turlatäin-Spiller
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Georges Weyer genannt de Georgely (och nach Georgeli, Schorscheli oder Schorschelchen) gebuer als Georg Weyer[1] den 13. Oktober 1848 zu Gréiwemaacher a gestuerwen den 13. Februar 1924 an der Stad Lëtzebuerg (Rumm-Hospiz), war e klenggewuessene[2] Turlatäin-Spiller, deen zu senger Zäit duerch dat ganzt Land mat sengem Instrument gereest ass, fir op Kiermessen a Mäert Musek ze spillen. An der Stad Lëtzebuerg war e reegelméisseg um Oktav-Mäertchen an op der Schueberfouer ze gesinn.

Annonce vum Schorschelchen an der Independance luxembourgeoise (28/29. August 1909)

Hie krut souguer eng Kéier eng Lantermajik vun der Groussherzogin Marie-Adelaïde geschenkt.[3]

Literatur änneren

  • Schwab, Franz. (1975). De Georgely. Eis Sprooch. Nei Folleg, Eis Sprooch. Nei Folleg XIV. Jor (1975), Nr. 6, p. 31-33, ill.
  • Kaiser, Marcel. (1983). Bilder aus früheren Schobermesszeiten : "de klenge Georgely vu Gréivenmaacher". Tageblatt, Tageblatt 1983, n° 194, p. 5.
  • Welter, Jean. (1998). Auf den Spuren des "Georgely" (Georg Weyer, 1848 - 1924). 150 Joar Maacher Gesangveräin : 1848 - 1998, 150 Joar Maacher Gesangveräin : 1848 - 1998. - Grevenmacher, 1998 P. 147-159, ill.
  • Hermes, M., Krier, Émile, Weber, Carlo, & Findrik, Tomislav. (2016). Gréiwemaacher : Mein Gemeen : Wissenswertes aus Geschichte, Geografie und Kultur. Differdange: Éd. Revue.

Um Spaweck änneren

Commons: Georges Weyer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. um Gebuertsschäin, gekuckt op weyeriana.de
  2. Jee no Quell soll en am Erwuessenenalter tëscht 85 an 90 cm grouss gewiescht sinn.
  3. Luxemburger Wort, 28. November 1985