Georges Montefiore-Levy

De Georges Montefiore-Levy, gebuer 1830 am Londoner Quartier Streatham a gestuerwen de 24. Abrëll 1906 zu Bréissel, war e belsche Metallurgist a Philanthrop vun italieenesch-jiddescher Ofstamung.

Georges Montefiore-Levy
Gebuer 1832
Streatham
Gestuerwen 1906
Bréissel
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Ingenieur, Politiker, Banquier, Fotograf

Dat éischt belscht Telegraphennetz gouf vun 1879 u mat Dréit aus Phosphorbronze, déi de Montefiore erfonnt hat, opgebaut. De Gebrauch vun deenen Dréit huet sech op ganz Europa ausgebreet an de Montefiore gouf doduerch steeräich.

De Montefiore hat sech 1866 mat der Hortense Bischoffsheim bestuet an d'Koppel huet zu Esneux um Domaine Rond Chêne gewunnt.

Fir un hien z'erënnere steet um Sart Tilman, um Campus vum Institut dat säin Numm huet, eng Büst vun him aus Stee vun 1904, déi vum Thomas Vinçotte sculptéiert gouf.

Dem Georges Montefiore-Levy seng Mamm war eng Kusin vum Banquier Moses Montefiore.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Georges Montefiore-Levy – Biller, Videoen oder Audiodateien