Georges Duby

franséischen Historiker

De Georges Michel Claude Duby, gebuer de 7. Oktober 1919 zu Paräis, a gestuerwen den 3. Dezember 1996 bei Aix-en-Provence, war e franséischen Historiker, a Spezialist vum Mëttelalter. 1988 gouf en an d'Académie française opgeholl[1]. Hien huet sech selwer als Humanist betruecht, fir deen d'Wäerter vun der Famill am Kampf géint sozial Ongerechtegkeete ganz wichteg sinn[2].

Georges Duby
Gebuertsnumm Georges Claude Michel Duby
Gebuer 7. Oktober 1919
10. Arrondissement
Gestuerwen 3. Dezember 1996
Le Tholonet
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Faculté des lettres de Paris,
Universitéit vu Lyon
Aktivitéit Historiker, Universitéitsprofesser, Medievist, Konschthistoriker
Member vun Académie française, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Accademia Nazionale dei Lincei, American Philosophical Society

Liewen änneren

1932 koum de Georges Duby zu Mâcon an de Lycée. D'Lycéesexperienz war fir hie selwer eng schéin Zäit[Source?], voller Pleséier. Deemools schonn, well hie vum Beruff als Professer impressionéiert war, huet hien dru geduecht dee Wee anzeschloen. Sou wéi hie vu senge Professere beandrockt war, wollt hien och e faszinanten Akadeemiker ginn[3]. De Lycée an deem hie war, huet hien als elitär ëmpfonnt, well do bal keng Aarbechterkanner waren. D'Fächer Rhetorik, Grammaire a Philosophie huet hien als déi wichtegst fir sech ugesinn[4].

Den Duby war als jonke Mënsch skeptesch vis-à-vis vun der Bedeitung vun der Geographie fir en Historiker, huet sech awer wärend sengem Universitéitsstudium ëmmer méi derfir intresséiert, well d'Geographie zu där Zäit zu enger interdisziplinärer Léier gewuess ass, déi de ganze Bagage vun den Humanwëssenschafte matschleeft. Sou huet hien am November 1937 e Geographiesstudium an der Faculté des lettres zu Lyon ugefaangen.[5]

De jonken Duby war e verbassene Student, an huet haart wärend sengem Studium geschafft, ouni awer dobäi de Pleséier aus de Aen ze verléieren: "Tout à la joie d'exister: on voyait bien, dans les désillusions, s'accumuler peu à peu les périls. Il fallait profiter du temps."[5] Am Summer 1942 huet hie säi Mémoire d'études supérieures de géographie fäerdeggestallt. Kuerz duerno gouf hien am Oral den néngten (bei aacht oppene Plazen); de Charles Edmond Perrin, President vun der Académie française, huet sech awer dofir agesat, datt en trotzdeem konnt als Professer [wou?] eng Plaz kréien.

Säi Liewenswierk änneren

Seng Aflëss änneren

D'Geographie huet dem Duby seng Aart, fir a sengem Beruff ze schaffen, modelléiert. Fir hie gëllt et als éischt d'Saachen ze bestëmmen, déi een ënnersiche wëll: "pour comprendre, il fallait observer le monde,.."[5] Seng Iwwerzeegung ass, datt d'Gesellschaft e Ganzt formt, an datt se just an hirer Totalitéit verstane ka ginn. Wat wichteg ass, ass datt een och déi aner Disziplinne mat abezéie muss, fir sech e fundéierten Iwwerbléck ze verschafen.

D'Geschicht huet hien ufanks net wierklech intresséiert, well s'an der Zäit meeschtens linear erzielt gouf, als Ereegnesgeschicht, ouni sech dobäi déi "richteg" Froen ze stellen. D'Geographie huet him schliisslech dobäi gehollef, de Choix vun der Mëttelaltergeschicht ze treffen, well et do genee wéi an der Kartographie drëms geet, al Dokumenter, sou wéi al Kaarten, z'entschlësselen. D'Wourecht bilt dobäi den éischte Prinzip vun der Wëssenschaft, an der Geographie sou wéi an der Geschicht.[5]

1939, mam Ufank vum zweete Weltkrich, deen hien als domme Massaker vun der Jugend ugesäit, refuséiert seng Kultur, der Gewalt mat der Gewalt z'äntwerten.

Obwuel hien net bei d'Arméi goung, war hien an de Chantiers de la jeunesse française vum Vichy-Regime aktiv. Do huet hien e strenge Wanter ënner jonke Leit aus dem Aarbechter- oder Bauremilieu verbruecht. Deen Openthalt huet him déi omnipresent sozial Klassenënnerscheeder virun Ae geféiert, déi sech virun allem um Niveau fir ze denken, ze gleewen a sech ze behuelen, erëmspigelen.[5] De Service du travail obligatoire, huet wärend der däitscher Occupatioun, déi franséisch Aarbechter gezwongen enk mat de Besatzer zesummenzeschaffen.

Vill vu sengen Aarbechtskolleege goufe vum Naziregime festgeholl. Hie konnt sech sengersäits duerch eng geschéckt Rhetorik (hie wousst wat fir eng Wierder ee benotzen däerf, a wat fir eng léiwer net), vu gréissere Problemer mat de Besatzer ewechhalen.[5]

D'1960er Jore representéieren en Opstig vun der franséischer Universitéit, zemools där vun Aix-Marseille, wat den Duby dunn incitéiert huet eng ronn 40 Jugendlecher aus de Länner ronderëm d'Mëttelmier z'invitéieren an iwwer de Retablissement vun der Concorde an där Regioun ze diskutéieren. Israeelien, Griichen, Tierken, Syrer, Libaneesen, Palestinenser a Katalanen, hunn dunn zesumme friddlech iwwer d'Schicksal vun der Regioun philosophéiert.

Déi Aarbecht mat enger auslännescher Ekipp vun Historiker, an de Kontakt mat méi exotesche Kulturen, huet him am Verständnes vun der gesellschaftlecher Formatioun vu viru 7, 8 Joerhonnerte gehollef.[5]

Seng Proffen änneren

Den Duby geet dervun aus datt d'École des Annales, ënner dem Marc Bloch an dem Lucien Febvre, déi bescht Historiker rassembléiert huet. Ënner hinne sinn dem Duby seng Patronen, den André Alix, de Jean Déniau an de Charles-Edmond Perrin.[5]

Déi dräi Leit hunn zu verschiddene Momenter dem Duby säin akadeemescht Liewe mat forméiert. Nodeem déi franséisch Republik retabléiert war, huet den André Alix entscheet eng Assistentsplaz beim Jean Déniau ze kreéieren. Dee Choix, d'Absolventen als Assistenten z'engagéieren, verhëlleft deenen hir Recherchen an engem méi adaptéierte Beräich kënnen ze maachen.[5] Sou zum Beispill, hu vun deem Ament un, d'Assistensproffen eng besser Méiglechkeet a méi Fräiheet, fir hir Recherchen ze maachen.

Well eng erfollegräich Carrière eréischt iwwer d'Theesen op der Sorbonne ka lancéiert ginn, huet de Jacques Déniau, de Charles-Edmond Perrin gefrot dem Duby seng Theesen z'ënnerstëtzen.[5] De Charles-Edmond Perrin sollt eng wichteg Stäip am Duby senger Aarbecht ginn. Hie vermëttelt him d'Wichtegkeet vun enger acharnéierter Recherche. Den Duby léiert sou, datt e wëssenschaftlech Schaffen, ouni eng skrupuléis Recherche, net ka funktionéieren. Wärend siwe Joer schafft hien u senger Thees fir se 1953 fäerdegzekréien: La Société aux XIe et XIIe siècles dans la région mâconnaise.[5]

1950 gëtt hie Chargé d'enseignement zu Besançon, wou et him gutt gefält. Mä an der Tëschenzäit gëtt eng Plaz als Médiéviste zu Aix-en-Provence fräi, déi him säi Jugenddram vum Süde sollt erfëllen: "Lyon c'était l'ennui. Aix, le plaisir"[5] Mam Bernard Guyon, dem Doyen vun der Universitéit zu Aix, hat hien e gudde Kontakt, deen op engem géigesäitege Respekt opgebaut war. De Guyon war ee vun den Haaptresponsable vun der Konstruktioun vun der néier Faculté des Lettres zu Aix.[5] An dëser klenger Stad, wou et méi einfach war Leit ze begéinen a sech auszetauschen, konnt hien déi verschidde Problematike vun den Humanwëssenschafte mat senge Komilitonen diskutéieren.

Am Hierscht 1944, op Initiativ vum André Allix, léiert de Georges Duby, de Lucien Febvre kennen, deen hien als faszinante Personnage zeréckbehält. De Febvre sollt e weidere Mentor fir den Duby ginn, an him eng opposéiert Vue zu där vum Perrin, op d'Wëssenschaft ginn. De Febvre proposéiert him, datt et net dat wichtegst ass alles entziffert ze hunn. Dat wier onméiglech. Wat wierklech wichteg ass, ass d'Fräiheet an e méi groussen Horizont, mat enger méi breeder Vue op d'Saachen déi missten explizéiert ginn. Déi Vue bréngt him e point d'équilibre tëscht dem Febvre an dem Perrin senger Approche. "..entre la prudence et l'audace."[5]

Zu Paräis sinn et zwee Leit, déi him eng effikass Hëllef bréngen, de Robert Mandrou an de Jacques le Goff. De Fernand Braudel engersäits, versicht hie fir d'école des hautes études ze motivéieren. De Paul Lemerle anerersäits well hie fir eng Plaz op der Sorbonne gewannen. Ufanks refuséiert den Duby déi Virschléi, aus Angscht hie géif seng Autonomie verléieren. Mä no den 68er Opstänn, gëtt e schwaach, an hëlt eng Plaz am Collège de France un, fir sech spéider am Institut de science z'installéieren, an dat haaptsächlech well en der Meenung ass, datt déi Aixer Universitéit zu engem groussen onhalbare Lycée mutéiert ass.[5]

Den Duby gëtt dem Zoufall, vun deem en dacks favoriséiert ginn ass, eng wichteg Roll. Sou zum Beispill ass den Appel deen hien 1958 vum Albert Skirra krut, fir hien e befreiend Evenement. Hien ass gefrot ginn, d'Relatioun tëscht dem Konschtwierk mat der Gesellschaft an der Kultur ze presentéieren, fir déi artistesch Schëpfung méi genee an den historesche Courant ze placéieren.[5]

No den 1970er Joren huet de Public e méi groussen Interessi un der Geschicht gewisen, wat sech un der wuessender Mediatisatioun vun der Geschicht bemierkbar gemaach huet.

En aneren aflossräiche Personnage ass schliisslech de Pierre Nora, mat der Kreatioun vu senger Kollektioun "Archives". De Nora ass och deen, deen dem Duby seng Autobiographie dirigéiert a presentéiert huet.[5]

Citatiounen[5] änneren

«L'histoire exige de la clarté, de la lucidité, de la patience mais aussi du style et de l'imagination. Du lyrisme en somme.» [ Georges Duby ] - Extrait d'un Entretien avec Antoine de Gaudemar - Octobre 1984

«Le réel et l'imaginaire forment un tout indissociable.» [ Georges Duby ] - Extrait de la revue Vendredi - 4 Janvier 1980

Hei mierkt een déi verschidden Aflëss déi an dem Duby seng Iwwerzeegung agefloss sinn. Zum engen ass et dem Perrin säi akribescht Schaffen, an dem Febvre säi fräiheetsbezunnt Denken, déi dem Duby seng Aarbecht mat forméiert hunn.

«Le Moyen Age est un monde merveilleux, c'est notre western, et en cela il répond à la demande croissante d'évasion et d'exotisme de nos contemporains.» [ Georges Duby ] - Extrait d'un Entretien avec Antoine de Gaudemar - Octobre 1984

Hei mécht sech dem Duby seng Iwwerzeegung als Humanist bemierkbar. Noutwendegkeet sech mat anere Kulturen auserneenzesetze fir d'Societéite vu viru 7, 8 Joerhonnerte besser kënnen ze verstoen.

Publikatiounen änneren

  • 1953 - Recueil des Pancartes de l'abbaye de La Ferté-sur-Grosne 
  • 1953 - La Société aux XIe et XIIe siècles dans la région mâconnaise  (Armand Colin) *1955 - “Le Moyen Âge. L'expansion de l'Orient et la naissance de la civilisation occidentale” 
  • 1958 - Histoire de la civilisation française (en collaboration avec R. Mandrou)  (Armand Colin)
  • 1962 - L'Économie rurale et la vie des campagnes dans l'Occident médiéval. Essai de synthèse, perspectives de recherches, 2 vol;  (Aubier)
  • 1966 - Fondements d'un nouvel humanisme  (Skira)
  • 1966 - L'Europe des cathédrales  (Skira)
  • 1967 - Adolescence de la chrétienté occidentale  (Skira)
  • 1967 - L'an mil  (Julliard)
  • 1973 - Guerriers et paysans. Le premier essor de l'économie européenne, VIIe-XIIe siècles  (Gallimard)
  • 1973 - Le procès de Jeanne d'Arc (en collaboration avec A. Duby)  (Gallimard)
  • 1973 - Le dimanche de Bouvines  (Gallimard)
  • 1973 - Hommes et Structures du Moyen Âge  (Mouton)
  • 1976 - Le temps des cathédrales, l'Art et la Société, 980-1420  (Gallimard)
  • 1976 - Saint Bernard. L'Art cistercien  (Arts et métiers graphiques)
  • 1978 - Les Trois Ordres ou l'Imaginaire du féodalisme  (Gallimard)
  • 1978 - Atlas historique  (Larousse)
  • 1979 - L'Europe au Moyen Âge, Aart roman, Aart gothique  (Flammarion)
  • 1980 - Dialogues avec Guy Lardreau  (Flammarion)
  • 1981 - Le Chevalier, la Femme et le Prêtre. Le mariage dans la société féodale  (Hachette)
  • 1984 - Guillaume le Maréchal ou le meilleur chevalier du monde  (Fayard)
  • 1985 - Histoire de la vie privée. De l'Europe féodale à la Renaissance  (Le Seuil)
  • 1987 - Histoire de la France: le Moyen Âge  (Hachette)
  • 1988 - L'Histoire de Paris par la peinture (en collaboration avec Guy Lobrichon)  (Belfond) 1988 - Mâle Moyen Âge: De l'amour et autres essais  (Flammarion)
  • 1989 - La sculpture, du Ve au XVe siècle  (Skira)
  • 1991 - L'Histoire continue  (Odile Jacob)
  • 1992 - Images de femmes  (Plon)
  • 1992 - Passions communes, en collaboration avec Bronislaw Geremek et Philippe Sainteny  (Le Seuil)
  • 1993 - La Chevalerie  (Librairie académique Perrin)
  • 1995 - Dame du XIIe siècle. I. Héloïse, Aliénor, Iseut et quelques autres. 2, Le souvenir des aïeules. 3, Ève et les prêtres 
  • 1995 - An 1000, an 2000, sur les traces de nos peurs 
  • 1996 - Féodalités 

Bibliographie Auswiel änneren

  • DUBY, Georges, Le plaisir de l'historien, NORA, Pierre (dir.), Essais d'ego-histoire, Mayenne: Éditions Gallimard, 1987, p. 109-138.
  • La Société aux XIème et XIIème siècles dans la région mâconnaise, Paris, Éditions de l'École des Hautes Études en Sciences Sociales, 1953.
  • Le Dimanche de Bouvines (27 juillet 1214), Gallimard (Trente journées qui ont fait la France), Paris, 1973 (ISBN 2070322955).
  • L'An Mil, Julliard, Paris, 1974 (ISBN 2-07-032774-4)
  • Le Temps des cathédrales. L'Art et la société (980–1420), Gallimard, Paris, 1976 (Grand Prix Gobert 1977) (ISBN 207029286X)
  • Les Trois Ordres ou l'imaginaire du féodalisme, Gallimard, Bibliothèque des histoires, Paris, 1978 (ISBN 2070286045)
  • Le Chevalier, la Femme et le Prêtre. Le Mariage dans la France féodale, Hachette, Paris, 1981 (ISBN 2012790712)
  • Guillaume le Maréchal ou le meilleur chevalier du monde, Fayard, Paris, 1984 (ISBN 2070323447).
  • Histoire de la vie privée, en co-direction avec Philippe Ariès (5 vol.), Le Seuil, Paris, 1985, ISBN 2-02-008987-4
  • Atlas historique mondial, Larousse, Paris, 2000, 350 pages (ISBN 2035050448).
  • L'Histoire continue, Éditions Odile Jacob, 2001, ISBN 2738110428
  • Histoire de la France rurale, en co-direction avec Armand Wallon (4 vol.), Le Seuil, Paris, 1976

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. http://www.evene.fr/celebre/biographie/georges-duby-704.php
  2. DUBY, Georges, Le plaisir de l'historien, NORA, Pierre (dir.), Essais d'ego-histoire, Mayenne: Éditions Gallimard, 1987, p. 114
  3. DUBY, Georges, Le plaisir de l'historien, p. 125
  4. DUBY, Georges, Le plaisir de l'historien, p. 113
  5. 5,00 5,01 5,02 5,03 5,04 5,05 5,06 5,07 5,08 5,09 5,10 5,11 5,12 5,13 5,14 5,15 5,16 5,17 16