George Washington

US-amerikanesche President

Den George Washington, gebuer den 22. Februar 1732 op der Familljeproprietéit am Westmoreland County, Virginia, a gestuerwen de 14. Dezember 1799 zu Mount Vermont, Virginia, war ee Plantagebesëtzer, Generol an éischte President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.

George Washington
Funktioun
1. President vun den USA
30. Abrëll 1789 - 4. Mäerz 1797
Virgänger /
Nofollger John Adams
Partei Onofhängeg
Biographie
Gebuer 22. Februar 1732
Gestuerwen 14. Dezember 1799
Bestuet mat Martha Washington


Jugend an 1. Militärkarriär änneren

 
Als Colonel vum Virginia Regiment

Dem George säi Papp, den Augustine Washington, war schonn ee räiche Plantagebesëtzer dee säi Geld haaptsächlech mam Ubau vun Tubak gemaach huet.

Wéi den George 11 Joer al war ass säi Papp gestuerwen a mat 15 Joer huet hien dunn d'Schoul geklaakt.

Duerch d'Relatioune vu sengem Stéifbrudder, dem Lawrence Washington, huet hie mat 17 Joer eng gutt bezuelte Plaz als Geometer kritt a koum am Alter vun 21 als Majouer an d'Lokalmiliz vu Virginia, wat deemools nach eng brittesch Kolonie war. Wärend senger Militärkarriär huet hie géint d'Indianer an dem Louis XV. seng Truppe gekämpft, deen een Deel vu Virginia fir Frankräich reklaméiert huet.

Enn 1758 huet hien d'Miliz am Rang vun engem Colonel verlooss an huet sech op seng Plantagen zeréckgezunn. Hien hat agesinn, datt hien als Amerikaner, an enger vun Englänner dominéierter Arméi, net déi Karriär konnt maachen déi him virgeschwieft huet. An där Zäit hat hien awer vill iwwer d'militäresch Organisatioun, Praxis an Taktike geléiert, ee Wëssen dat him spéider am Onofhängegkeetskrich voll zugutt koum.

Jore 1759 bis 1774 änneren

 
Mat Sklaven bei der Rekolt op der Plantage

Nees doheem op der Farm huet hie gläich d'Martha Dandridge Custis, eng räich Wittfra, bestuet. Si hu sech zu Mount Vernon, Virginia etabléiert an hunn ee gutt, an deelweis extravagant Liewe gefouert. Well den George Washington duerch eng Poukeninfektioun, déi hie sech 1751 op Barbados zougezunn hat, steril war, krut d'Koppel keng eege Kanner.

Méi politesch aktiv gouf de Washington eréischt Enn der 1760er Jore wou hien zu deene gehéiert huet déi méi, haaptsächlech ekonomesch, Onofhängegkeet vun England gefuerdert hunn. Schlussendlech ass et dunn 1775 zum Onofhängegkeetskrich géint Groussbritannien komm, dee bis 1783 sollt daueren.

Ieweschte Kommandant am Onofhängegkeetskrich änneren

Wéi et am Abrëll 1775 zum Krich koum, ass de Washington, op d'Propose vum John Adams, och gläich zum Ieweschte Kommandeur vun der Continental Army beruff ginn. Säi martialescht Optrieden a seng militäresch Erfarung hunn dozou bäigedroen datt him dës Verantwortung iwwerdroe gouf.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich.

Presidentschaft 1789 - 1797 änneren

1789 gouf de George Washington eestëmmeg zum 1. President vun den USA gewielt.

Spéidert Liewen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: George Washington – Biller, Videoen oder Audiodateien