Den George Joseph Herriman, gebuer den 22. August 1880 zu New Orleans am Louisiana, a gestuerwen de 25. Abrëll 1944 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Comiczeechner a Karikaturist. Säi bekanntst Wierk ass de Comic Krazy Kat.

George Herriman
Gebuer 22. August 1880
New Orleans
Gestuerwen 25. Abrëll 1944
Los Angeles
Doudesursaach Liewerzirros
Nationalitéit USA
Aktivitéit Cartoonist, Comicauteur, Illustrateur, Karikaturist, Zeechner
Den George Herriman.

Säi Liewen änneren

Den George Herriman war dat éischt Kand vum George Herriman Jr. a senger Fra, der Clara Morel Herriman.

1897 huet hien ugefaange Comics ze zeechnen. Am Joer 1900 ass en op New York geplënnert, wou e fir e puer Zeitungen als fräie Mataarbechter geschafft huet. Den Zeitungsediteur William Randolph Hearst, deen e grousse Comicfan war, huet schliisslech dem Herriman säin Talent erkannt an en definitiv bei sech an d'Haus geholl, wou den Herriman 1910 ugefaangen huet, d'Comicserie The Dingbats ze zeechnen. An dëse Comics huet e mat der Zäit weider Figuren agefouert: eng Maus an eng Kaz, déi ënner den Dingbats gewunnt hunn an där hir Geschichten a klenge Panelen ënner der Haapthandlung erzielt goufen. Sou si Krazy Kat an Ignatz Mouse entstanen, déi 1913 hir eege Serie kruten an dem Herriman zu groussem Erfolleg gefouert hunn.

De 25. Abrëll 1944 ass den Herriman friddlech am Bett gestuerwen. Seng Äsche goufen, sou wéi hien dat wollt hunn, iwwer dem Monument Valley verstreet.

Seng Wierker änneren

Originalserien änneren

  • Musical Mose, 1902
  • Professor Otto, 1902
  • Arcobatic Archie, 1902
  • Lariat Pete, 1903
  • Two Jolly Jackies, 1903
  • Major Ozone, 1904-1906
  • Home Sweet Home, 1904
  • Rosy's Mama, 1906
  • Bud Smith, 1905-1906
  • Grandma's Girl - Likewise Bud Smith, 1905-1906
  • Rosy Posy - Mama's Girl, 1906
  • Zoo Zoo, 1906
  • Mr. Proones the Plunger, 1907
  • The Amours of Marie Anne Magee, 1907
  • Baron Mooch, 1909
  • Daniel and Pansy, 1909
  • Mary's Home from College, 1909
  • Alexander the Cat, 1909-1910
  • Gooseberry Sprig, 1909-1910
  • The Dingbats (spéider ënner dem Titel The Family Upstairs), 1910-1916
  • Krazy Kat, 1913-1944
  • Baron Bean, 1916-1919
  • Now Listen Mabel, 1919
  • Stumble Inn, 1922-1926
  • Us Husbands, 1926

Nummeren änneren

  • Baron Bean 1916-1917, Westport (Conn.), 1977
  • The Family Upstairs: Introducing Krazy Kat 1910-1912, Westport (Conn.), 1977
  • Krazy & Ignatz - The Komplete Kat Komics, Volume One - 1916, Forestville, 1988
  • Krazy & Ignatz - The Komplete Kat Komics Volume Two - 1917, Forestville, 1989
  • Krazy & Ignatz - The Komplete Kat Komics Volume Three - 1918, Forestville, 1989
  • Krazy & Ignatz - The Komplete Kat Komics Volume Four - 1919, Forestville, 1989
  • Krazy & Ignatz - The Komplete Kat Komics Volume Five - 1920, Forestville, 1990
  • Krazy & Ignatz - The Komplete Kat Komics Volume Six - 1921, Forestville, 1990
  • Krazy & Ignatz - The Komplete Kat Komics Volume Seven - 1922, Forestville, 1991
  • Krazy & Ignatz - The Komplete Kat Komics Volume Eight - 1922, Forestville, 1991
  • Krazy & Ignatz - The Komplete Kat Komics Volume Nine - 1922, Forestville, 1992
  • The Komplete Kolor Krazy Kat Volume 1 1935-1936, London, 1990
  • The Komplete Kolor Krazy Kat Volume 2 1936-1937, Amherst, 1991
  • Krazy & Ignatz - The Dailies 1918-1919, Charleston 2001,
  • Krazy & Ignatz - The Complete Full Page Comic Strips 1925-1926, Seattle, 2002
  • Krazy & Ignatz - The Complete Full Page Comic Strips 1927-1928, Seattle, 2002
  • Krazy & Ignatz - The Complete Full Page Comic Strips 1929-1930, Seattle, 2003
  • Krazy & Ignatz - The Complete Full Page Comic Strips 1931-1932, Seattle, 2004
  • Krazy & Ignatz - The Complete Full Page Comic Strips 1933-1934, Seattle, 2004

Illustrationen änneren

  • Don Marquis: archy and mehitabel, New York 1927
  • Don Marquis: The Life and Times of archy & mehitabel, New York 1935
  • Don Marquis: archy and mehitabel, New York 1990 (Nodrock vun der Nummer vun 1927)

Literatur änneren

  • Patrick McDonnell, Karen O'Connell, Georgia Riley de Havenon: Krazy Kat. The Comic Art of George Herriman, New York, 1986
  • Andreas Platthaus: "Der erste Stein. George Herriman und Krazy Kat". In (ders.): im Comic vereint. Eine Geschichte der Bildgeschichte, Berlin, 1998
  • Gilbert Seldes: The Seven Lively Arts, New York, 1924

Um Spaweck änneren

Commons: George Herriman – Biller, Videoen oder Audiodateien