Geometreschen Zäitalter

De Geometreschen Zäitalter ass eng vun de fënnef Periode vun der Geschicht vum antike Griicheland déi vun zirka 900 bis 750 v. Chr. geet. D'Chronologie kënnt duerch d'Etude vun der Keramik, déi sech zu dëser Zäit an Attika, Euböa an Argolis duerch en Dekor vu geometresche Forme charakteriséiert huet. Wann et einfach ass, déi grouss Phasen an der Evolutioun vun der geometrescher Keramik festzestellen, sou ass et op der anerer Säit méi schwéier, dës Phase mat de politeschen oder soziale Verännerunge vun dëser Zäit zesummenzebréngen.

Attesche geometresche Stil op enger Vas aus Theben (zirka 750-700 v. Chr.).

Literatur zum Theema änneren

  • John Boardman, Aux origines de la peinture sur vase en Grèce, Thames & Hudson, London, 1999. (ISBN 2-8711-157-5)
  • John N. Coldstream, Greek Geometric Pottery, Methuen, London, 1968.
  • John N. Coldstream, Geometric Greece, Routledge, London, 2003.
  • Jean-Claude Poursat, La Grèce préclassique, des origines à la fin du VIe siècle, Éd. du Seuil, Paräis, 1995. (ISBN 2-02-013127-7)

Um Spaweck änneren

Commons: Geometresch Keramik – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.