Geographie vu Frankräich

Portal Frankräich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Frankräich.

Frankräich läit um europäesche Kontinent an ass no Russland an der Ukrain dat drëttgréisst Land dovun.

Lag vu Frankräich an Europa

Frankräich huet zesumme mat sengen Iwwerséidépartementer an -territoiren eng Fläch vu 675.417 km². An Europa huet et 551.500 km².

Frankräich stéisst op véier Säiten u Mierer: D'Nordséi, den Äermelkanal, den Atlantik an d'Mëttelmier. D'Küste vu Frankräich hunn eng Längt vun 3.427 km.

Bis op den Nordosten huet Frankräich haaptsächlech natierlech Grenze mat den Nopeschlänner. Natierlech Grenze sinn de Rhäin de Jura, d'Alpen an d'Pyrenäen

Landgrenzen änneren

Frankräich huet 4.082 km Grenze mat anere Länner:

Den héchste Punkt ass d'Spëtz vum Mont Blanc mat 4.810 Meter an déi déifst Plaz ass am Delta vum Rhône mat minus 2 Meter.

Grouss natierlech Géigenden änneren

De Relief vu Frankräich ass praktesch an zwee gedeelt. Ongeféier vun der Mëtt aus gesinn, leien am Westen an am Norden déi méi flaach Deeler, an am Osten an am Süden d'Biergmassiver mat de Vogesen, den Alpen, dem Massif central an de Pyrenäen. D'Linn déi d'Bierger vun den Dällten trennt beschreift vun Norden no Süden e groussen S.

Stréim a Frankräich änneren

 
Stréim a Flëss a Frankräich

Flëss a Frankräich änneren

Kanäl änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Geography of France – Biller, Videoen oder Audiodateien