Genf

Stad an der Schwäiz

Genf (fr. Genève [ʒəˈnɛv]) ass eng Gemeng an d'Haaptstad vum Kanton Genf an der Schwäiz. Genf ass mat 191.000 Awunner (2010) no Zürich déi zweetgréisst Stad vun der Schwäiz. Si läit um südwestleche Rand vun der franséischsproocheger Schwäiz um Ausfloss vum Rhône aus dem Genferséi. Genf ass de Sëtz vu villen internationalen Organisatiounen, ë. a. UNO, CERN, IKRK, WHO, IAO, ITU, WIPO, WMO, WOSM a vum Héichkommissariat fir Flüchtlinge vun de Vereenten Natiounen UNHCR.

Genf
center}}}
Land CHECHE Schwäiz
Kanton Genf (GE)
Postcode 1200-1209, 1211, 1215,
1240, 1289
Koordinaten 46° 12’ 00’’ N
      6° 09’ 00’’ O
Fläch  1 593 ha
Héicht  373.6 (Pierres du Niton) M.i.M
Bevëlkerung  191 803

Um Spaweck änneren

Commons: Genf – Biller, Videoen oder Audiodateien