D'Generalstänn vu 1789 waren déi lescht Versammlung vun de Generalstänn vum franséischen Ancien Régime. Dës Versammlung vu Vertrieder aus dem Adel, dem Klerus an dem Drëtte Stand war zanter 1614 net méi zesummegeruff ginn.

5. Mee 1789: D'Generalstänn ginn zu Versailles op.

Zanter 1788, an dat besonnesch als d'Äntwert vum Vollek op gouf sech vu jiddwerengem gewënscht, datt nees d'Generalstänn géifen aberuff ginn, allerdéngs aus ënnerschiddleche Grënn an dacks waren d'Motiver och net kompatibel. Den Adel wollt d'absolut Monarchie, déi zanter dem Louis XIV. opgezwongen a vum Louis XVI. inkarnéiert gouf, op en Enn bréngen, fir seng al Muecht nees zeréckzekréien. Den héije Klerus, dee global vum System profitéiert huet, wollt (a senger Majoritéit) e status-quo bäibehalen. Bei de Generalstänn war den Adel mat 270 Deputéierte vertrueden (dorënner 90 Liberaler). De Klerus gouf vun 291 Deputéierte representéiert (dorënner 220 Curés). De Klerus an den Adel haten d'Majoritéit vun de Stëmme bei de Generalstänn (2 zu 1), an all Decisioun hat gutt Chancen, fir hinne favorabel ze sinn. Mä an dësen zwéi Stänn gouf et och scho Reformateuren, déi nëmmen drop gewaart hunn, sech nach méi z'engagéieren (mä zu deem Zäitpunkt huet nach kee vu Revolutioun geschwat).

De Klerus an den Adel ware keng komplett homogeen Stänn; et gouf och nach den niddere Klerus, deen traditionell op der Säit vun de Baueren an der Landbevëlkerung stoung, an de ländlechen Adel - zum Beispill an der Bretagne - dee ganz aner Perspektive wéi den Adel um Haff hat.

Den Drëtte Stand huet sech aus 578 Deputéierten zesummegesat (12 Gentilshommes, 18 Buergermeeschteren aus grousse Stied, 162 Magistrate vu Bailliagen oder Sénéchausséeën, 110 Affekoten, 114 Dokteren, 162 Händler, Proprietären, an 110 Baueren an Industrieller). Wat de « manque de représentation et de considération » (Beaumarchais), ugaangen ass, war den Tiers sech, och wéi bei anere Froen, déi an de Cahiers de doléances opgeworf goufen, net ëmmer eens:

D'Bourgeoisie, déi an de Stied mam Handel oder mat de Finanze räich gi war, an den Iddie vun de Lumières géintiwwer opgeschloss war, huet hir wirtschaftlech Muecht duerch hir Originnen als Aarbechter blockéiert gesinn, an huet no engem gläichen Traitement verlaangt: d'Adeleg waren déi eenzeg, déi Zougang zu den Offizéieschsplazen oder den héije Plazen an der Fonction publique haten, a si ware vu verschiddene Steiere fräigestallt. Déi Fuerderunge ware souwuel sozial wéi och ekonomesch.

D'Landbevëlkerung war net representéiert, mä huet sech op den Drëtte Stand gestäipt. Si huet vun hire Rekolte gelieft, gudder a schlechter, an eng grouss Steierlaascht gedroen: si huet no enger Reform vum Steiersystem verlaangt, an och d'Privileege wéi deen, op d'Juegd kënnen ze goen[1]. Déi Mësstänn kéinten hirer Meenung no bei de Generalstänn aus der Welt geschaf ginn, wann den Drëtte Stand besser vertruede wier, an no Kapp an net pro Stand géif ofgestëmmt ginn.

De Kinnek selwer, dee mat enger Staatsschold, wéi Frankräich nach keng gesinn hat konfrontéiert war, huet no enger Léisung gesicht, fir d'Keess nees ze fëllen. Seng Iddi war et, dat duerch eng Delegatioun bei de Generalstänn vertrieden ze loossen, hie war sech sécher datt sou eng Moossnam net populär géif ginn.

Aberuffung vun de Generalstänn am Januar änneren

Den 8. August 1788 hunn d'finanziell Situatioun an d'Verschlechterung vun der Stëmmung am ganze Land de Louis XVI. dozou bruecht, d'Generalstänn fir den 1. Mee 1789 anzeberuffen. De 27. Dezember 1788 huet de Staatsrot entscheet, datt de Bailliage d'Basisunitéit fir d'Wal wier, datt sech d'Generalstänn aus op d'mannst 1.000 Deputéiert mussen zesummesetzen, an datt dem Drëtte Stand seng Stëmm géif duebel zielen.

Déi ganz Prozedur fir d'Generalstänn zesummenzeruffen huet knapps e Joer gedauert. An deem Joer goufen Informatiounen iwwer déi lescht Generalstänn vu 1614 gesammelt, an d'Direktive goufen am Januar 1789 am ganze Land verëffentlecht.

D'Generalstänn selwer hunn dem Kinnek wéineg Angscht gemaach, mä effektiv d'Aberuffung dovun. Et koum zu Schwieregkeeten zanter de leschte Veruerdnungen, z. B. wat mat de Provënzen, déi no 1614 eruewert goufen, géif geschéien, war net kloer. De 5. Juli 1788 huet de Kinnek dofir eng Ordonnance erausginn, fir an den Archiver nozesichen, wat genee ze maache wier:

« Sa Majesté cherchera toujours à se rapprocher des formes anciennement usitées ; mais lorsqu'elles ne pourront être constatées, Elle ne veut suppléer au silence des anciens monuments qu'en demandant, avant toute détermination, le vœu de ses sujets, afin que leur confiance soit plus entière dans une assemblée vraiment nationale, par sa composition comme par ses effets. »

D'Representante goufen am Januar 1789 gewielt, an et huet sech eng variabel Participatioun gewisen. D'Representante vum Drëtte Stand goufen indirekt designéiert. Nëmmen d'Männer iwwer 25 Joer déi Steiere bezuelt hunn, duerfte wielen. Fir d'Aberuffung huet de Kinnek dëse Bréif geschriwwen:

« De par le Roi,
Notre aimé et féal.
Nous avons besoin du concours de nos fidèles sujets pour Nous aider à surmonter toutes les difficultés où Nous Nous trouvons relativement à l'état de Nos finances, et pour établir, suivant nos vœux, un ordre constant et invariable dans toutes les parties du gouvernement qui intéressent le bonheur de nos sujets et la prospérité de Notre royaume. Ces grands motifs Nous ont déterminé à convoquer l'Assemblée des États de toutes les provinces de notre obéissance, tant pour Nous conseiller et Nous assister dans toutes les choses qui seront mises sous nos yeux, que pour Nous faire connaitre les souhaits et doléances de nos peuples, de manière que par une mutuelle confiance et par un amour réciproque entre le souverain et ses sujets, il soit apporté le plus promptement possible un remède efficace aux maux de l'État, que les abus de tous genre soient réformés et prévenus par de bons et solides moyens qui assurent la félicité publique et qui nous rendent à Nous particulièrement, le calme et la tranquillité dont Nous sommes privés depuis si longtemps.
Donné à Versailles, le 24 janvier 1789. »

De Kinnek huet och d'Wichtegkeet an d'Zil vun de Generalstänn ënnerstrach:

« Nous avons besoin du concours de nos fidèles sujets pour Nous aider à surmonter toutes les difficultés où Nous Nous trouvons, relativement à l'état de nos finances, et pour établir, suivant nos vœux, un ordre constant et invariable dans toutes les parties du gouvernement qui intéressent le bonheur de nos sujets et la prospérité de notre royaume. »[2]

Ouverture vun de Generalstänn (Mee) änneren

 
De Jacques Necker

De 5. Mee sinn d'Generalstänn an engem Sall vum Hôtel des Menus-Plaisirs zu Versailles opgaangen. De Sall gouf wéinst der Geleeënheet a Salle des trois ordres ëmbenannt.

Vun den 1139 Deputéierte waren der 291 vum Klerus an 270 vum Adel. Déi éischt Sëtzung, de 5. Mee, gouf vum Louis XVI. perséinlech presidéiert, de Klerus souz op der rietser Säit vum Troun, den Adel lénks an den Drëtte Stand vis-à-vis. D'Orateure waren de Kinnek, de Garde des sceaux, Barentin, an de Finanzminister, Jacques Necker.

Ënner dem Bäifall vun den dräi Stänn huet den Anne Louis Henri de La Fare, Bëschof vun Nanzeg, d'Erëffnungsried gehalen.

Den Necker huet eng Ried am Numm vum Kinnek gehalen, déi dräi Stonne gedauert huet, a bei där souguer de Kinnek selwer entschlof war. Déi Ried huet den Deputéierte kloer gemaach, wéi schlëmm d'finanziell Situatioun vum Land war. D'generell Situatioun a Frankräich war konfus an de Gouvernement hat keng kloer Orientatioun.

De Barentin huet duerno seng Ried gehalen, an de Kinnek héich gelueft. Nëmmen de Contrôleur des finances huet d'Grënn virgedroen, wéisou et zu de Generalstänn huet misse kommen: den Defizit vum Budget. Iwwer de Problem, deen d'Deputéiert am meeschte beschäftegt huet, gouf kee Wuert verluer: Ofstëmmung no Stand oder no Kapp ?

D'Assemblée nationale änneren

Et koum zimmlech séier zu Meenungsverschiddenheeten, wéi et drëms gaangen ass, wéi dann elo schlussendlech soll ofgestëmmt ginn. De Klerus an den Adel wollten um ale System no der Wal no Stand festhalen, wat hinnen d'Majoritéit ginn hätt; den Drëtte Stand wollt datt pro Kapp ofgestëmmt géif ginn, wat him Gläichheet bruecht hätt, an d'Debatte wiere sou zesummen zustan komm3. Den Drëtte Stand huet behaapt, datt hien eleng d'Natioun vertriede géif, a refuséiert, seng Plaz ze verloossen. De 17. Juni huet den Tiers d'Membere vun deenen aneren zwéi Stänn invitéiert, sech him unzeschléissen. Verschiddener, sou wéi liberal Adeleger (Lafayette) a Kleriker déi staark mam Vollek verbonne waren, hu sech dem Drëtte Stand ugeschloss. Et koum zu enger Revolutioun mat juristeschem Charakter: d'Stänn goufe quasi opgeléist an et koum zu enger nationaler Vertriedung duerch eng eenzeg Versammlung. D'Grupp, déi sech sou zesummefonnt huet, huet sech selwer als Assemblée nationale ausgeruff, mat der Ënnerstëtzung vum Abt Sieyès. Virun dësem éischte revolutionären Akt, huet de Louis XVI., géint d'Meenung vum Necker de Sall vun de Stänn, déi de Bailly presidéiert hat, zoumaache gelooss.

 
De Mirabeau

Déi nei Assemblée nationale huet sech eng aner Versammlungsplaz zu Versailles gesicht, de Guillotin huet e Sall wou Jeu de paume gespillt gouf, virgeschloen. Wärend der Sëtzung vum 20. Juni 1789, déi als Ballhauseed an d'Geschicht agaangen ass, hunn d'Deputéiert versprach, sech net ze trennen, bis d'Land eng Constitutioun hätt: d'Assemblée nationale ass sou bis den 3. September 1791 zesummebliwwen, an huet gläichzäiteg och legislativ Muecht ausgeübt. Wärend der kinneklecher Sëtzung vum 23. Juni 1789 huet de Kinnek den Uerder ginn, datt sech d'Versammlung misst opléisen. De Grand maître des cérémonies huet dem Bailly dësen Uerder iwwerreecht. De Mirabeau soll dunn de berüümte Saz gesot hunn:

« Nous sommes ici par la volonté du peuple et nous n'en sortirons que par la force des baïonnettes. »

Verschidde franséisch Bierger hunn och no engem véierte Stand (« quatrième ordre: celui des pauvres journaliers, des infirmes, des indigents ») gefrot, oder dem Ordre sacré des infortunés, wat zu där Zäit eng grouss Partie Leit waren.

Et war mat de Generalstänn sou zu enger friddlecher biergerlecher Revolutioun komm, déi aus der absolutter Monarchie vum Ancien Régime eng konstitutionell Monarchie gemaach huet.

Literatur zum Theema änneren

  • Brette Armand, Recueil de documents relatifs à la convocation des états généraux de 1789, 1894. Dräi Bänn.
  • Edna Hindie-Lemay, La Vie quotidienne des députés aux états généraux, 1789, Hachette, 1989.
  • Jean Sylvain Bailly, Mémoires d'un témoin de la Révolution, ou journal des faits qui se sont passés sous ses yeux, et qui ont préparé et fixé la constitution française, Levrault-Schoell et Cie, Paräis, 1804.
  • Jacques-Antoine Creuzé-Latouche, Journal des états généraux et du début de l'Assemblée nationale, Didier, Paräis, 1946.
  • Adrien Duquesnoy, Journal sur l'Assemblée constituante, Alphonse Picard & Fils, Paräis, 1894.
  • Denis Goubert, 1789: les Français ont la parole. Cahiers de doléances des états généraux, Gallimard, 1973.

Um Spaweck änneren


Referenzen an Notten änneren

  1. De Privileeg vun der Juegd hat am Ancien Régime nëmmen den Adel.
  2. Bréif vum Kinnek, Versailles, 27. Abrëll 1789.